
© Editions Guy Binsfeld
De Renert, de vläicht bedeitendste lëtzebuergesche Klassiker, war e puer Joer vergraff.
MÉCHEL RODANGE
„ RENERT“
DE FUUSS AM FRACK AN A MAANSGRÉISST
Erausginn a kommentéiert vum Romain Hilgert
De Renert, de vläicht bedeitendste lëtzebuergesche Klassiker, war e puer Joer vergraff.
Elo ass dem Méchel Rodange säi Wierk aus dem Joer 1872 nees disponibel ënnert enger
neier Editioun vum Verlag Guy Binsfeld.
Déi berüümt Fuussefabel baséiert op engem Stoff mat enger laanger Traditioun, déi bis an
d’Mëttelalter zeréckgeet. Schonn den nidderdäitschen Epos Reynke de vos aus dem Joer 1498 war esou
beléift, dass en zum Bestseller gouf. Spéider hunn ënner anerem déi grouss däitsch Auteure Gottsched
a Goethe ënnert dem Titel Reineke Fuchs 1752 respektiv 1782 hiert eegent Wierk doraus gemaach.
De Méchel Rodange huet sech fir säi Renert virun allem um Goethe inspiréiert, ma sech et dobäi net
huele gelooss, d’Geschicht an en neie Kontext ze setzen. An esou zeechent hien a senge 6.452 Versen
e satirescht Bild vun der lëtzebuergescher Gesellschaft am 19. Joerhonnert, der Zäit vum jonken
Nationalstaat an der industrieller Revolutioun.
Als Lieser stellt een dobäi méi wéi eng Kéier fest, dass vill vu sengen Observatiounen och op eis
haiteg Zäit passen, wann et z. B. heescht:
D’Welt ass e Sak voll Kriibsen,
Wou een deen aner zwéckt;
Di iewescht gi gejuppelt,
Di ënnescht ginn zerdréckt
(Gesang X, V. 45–48).
Dës Editioun vum Renert, erausginn a kommentéiert vum Romain Hilgert, baséiert op der
Ausgab vun 1987, déi opgrond vun der grousser Nofro schonns 1995 an 2008 nogedréckt gouf.
Et goufe par rapport dozou awer e puer Adaptatioune virgeholl.
De Primärtext bleift no un der éischter Ausgab vun 1872 ënner Berécksiichtegung vu spéidere
Korrekture vum Rodange. Fir dass en eis awer och haut accessibel ass, gouf en un déi nei Orthographie
vun 2019 ugepasst.
Nieft dem Haapttext sinn och dem Rodange säi Virwuert a säin E Wuert fir de Lieser mat ofgedréckt,
an deem den Auteur seng Schreiwung erkläert. Eng éischt offiziell lëtzebuergesch Orthographie
sollt ëmmerhin eréischt gutt honnert Joer no der Verëffentlechung ageféiert ginn, wat hie forcéiert
huet, fir säi Wierk seng eege Reegelen ze entwéckelen.
De Primärtext gëtt komplettéiert duerch eng ausféierlech Bibliographie, historesch Illustratioune
wéi och e Virwuert a Marginalglosse mat historeschen, politeschen a sproochlechen Explikatioune
vum Romain Hilgert.
Sou kritt den albekannte Fuuss eng nei Nues.
Romain Hilgert

© Editions Guy Binsfeld
De Romain Hilgert (*1954) ass politesche Journalist a wor Chefredakter vun der Wochenzeitung
d’Lëtzebuerger Land. Hien huet Bicher wéi Banken, Kaffi, Hädekanner. 500 Jahre Luxemburg und die
Dritte Welt, Zeitungen in Luxemburg 1704–2004 geschriwwen an d’Manifest der Kommunistischen
Partei op Lëtzebuergesch iwwersat.
Mat Illustratiounen
288 Säiten, 190 x 250 mm
Gebonne mat Liesbändchen
ISBN: 978-99959-42-64-9
38 €