
© Delphine Le Lay, Alexis Horellou & Casterman
Eng BD, déi sech an éischter Linn u Kanner riicht, an där awer tëscht den Zeilen och vill dra stécht, wat éischter méi al Lieser usprécht.
Esou datt net nëmmen déi ganz Famill Gefale fënnt, an dat, wat een do grad gelies huet, kann een och an der Famill, an doriwwer eraus, weider liewen.
Am September ass deen zweeten Episod „Granit Rouge“ erauskomm. Datt d‘Thematik vum Lucien sengen Aventure sech net just u Kanner riicht, ass keen Zoufall. Dat kënnt vun deene BDën déi d'Delphine Le Lay an den Alexis Horellou bis elo realiséiert hunn.
Et kann hëllefen, wann een déi zwee éischt Albumen der Rei no liest, well een de Lucien a seng Famill da scho kennt. Mä d‘Serie ass awer esou ausgeluecht, datt dat net muss sinn. All Episod ass esou opgebaut, datt een en och eenzel ka liesen, an och net an der Reiefolleg ewéi d'Albumen erauskomm sinn.
An deem éischten Episod, deen am Abrëll 2019 erauskomm ass, ass de Lucien mat senger Famill aus der Stad op d‘Land geplënnert. Dat war eng Ëmstellung, mä do huet hie sech séier dru gewinnt, wéi hien op eemol mat engem Geeschterhaus konfrontéiert gi war. Am zweeten Album verbréngt de Lucien d'Vakanz mat senger Schwëster bei senge Grousselteren an der Bretagne. Och do dauert et net laang, bis hien nees mat enger mysteriéiser Situatioun ze dinn huet. De Geescht vun engem Bandit, deen am 16. Joerhonnert d‘Géigend an där d‘Geschicht spillt onsécher gemaach huet, menacéiert elo alleguer déi Leit, déi op der Île Tristan wëllen op eng Fuesparty goen. Iwwerall am Duerf gëtt agebrach a geklaut, an als Ënnerschrëft vum Brigand fënnt een ëmmer roude Granit op der Plaz vum Verbriechen.
An dëser BD geet et nieft der eigentlecher Aventure och ëm Militantismus, sech fir eppes asetzen, wat engem wichteg ass. Dat mécht de Lucien, dat maachen och e puer Awunner aus dem Duerf, well si sech net vun engem Geescht wëllen diktéiere loossen, wéi si am 21. Joerhonnert solle liewen. Ausgrenzung ass een Thema an dëser Geschicht, mä och Rassismus. Wouduerch d‘Geschicht, och wann ee Geescht aus dem 16. Joerhonnert de roude Fuedem ass, ganz aktuell ass.
D‘Zeechnungen an d‘Faarwen droën integral dem Alexis Horellou seng Handschrëft. Och den Afloss vun Art Nouveau Elementer déi een duerch dee ganzen Album, zum Beispill an der Form vun de Case fënnt, sinn op seng Preferenzen zeréck ze féieren. Bei verschiddene Casen sinn nach e puer zousätzlech graphesch Elementer ronderëm agebaut, déi awer och net einfach nëmmen eng dekorativ Roll spillen.
Déi éischt Säiten aus dëser BD liesen
Um Enn vum Album gëtt et och nach ee klengen edukativen Dossier, an deem beschriwwe gëtt, wéi een e Fest organiséiere kann, an dobäi och bei Invitatiounen a Reklammen am Duerf ökologesch bleift.
„Lucien et les mystérieux phénomènes“ ass als Serie ausgeluecht, vun där et bis elo zwee Albume ginn. Et hänkt e bësschen dovun of, wéi gutt déi éischt Albumen ukommen, ob den Interessi vun de Lieser och do ass, datt et sech och rentéiert, fir domat weider ze maachen. Un den Iddie feelt et den Auteuren op alle Fall net.
Et ass eng Bande Dessinée, déi e bëssche mat den Traditioune brécht, well se kee kloert Format huet. Se riicht sech u Kanner, och mat den Iddien déi dra stiechen. Graphesch ass et awer och méi eng Erwuesse Bande Dessinée, mat Referenzen déi Kanner net kenne kënnen, déi awer net stéieren, wann een se net erkennt. Et mierkt een, datt d‘Auteure sech vill Gedanke gemaach hunn, wéi si hir Geschichten erziele wëllen. An dat mécht dann och, datt d‘Geschicht a virun allem d‘Denkustéiss déi dra stiechen, och duerno nach weider wierken.
„Lucien et les mystérieux phénomèmes, vum Delphine Le Lay an Alexis Horellou kënnt bei den Editions Casterman eraus. Deen zweeten Album heescht „Granit Rouge“, huet knapp 100 Säiten a kascht 16 Euro.