Den drëtten Erzielband, an domat den Ofschloss vun enger Serie, déi de Guy Rewenig am Verlag Guy Binsfeld erausbruecht huet.

GUY REWENIG

„ DEN HÄR MÜLLER SPRÉNGT IWWERT SÄI SCHIET A LAND AM GUINNESSBUCH“
GESCHICHTEN AN ERZIELUNGEN

Den Här Müller spréngt iwwert säi Schiet a land am Guinnessbuch ass den Titel vum Guy Rewenig sengem neien Erzielband. Et ass déi drëtt Publikatioun an domat den Ofschloss vun enger Serie,déi am Verlag Guy Binsfeld erauskomm ass.
A senger neier Sammlung vun eelef Geschichten an Erzielunge bleift de Guy Rewenig der Linn vun Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen (2015) an Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns (2017) trei. Mat vill Wuertwitz, Situationskomik an absurde Momenter entwéckelt hien e klenge Panorama vum Liewen zu Lëtzebuerg, stellt dobäi skurril, verdreemten, traureg oder queesch Personnagen an de Mëttelpunkt.

Et geet dobäi ënner anerem ëm Reiwereien um Familljefest op Neijooschdag, eng Vakanzerees mat
Grousselteren an Enkelkanner, bedreelech Ereegnesser bei engem Patientebesuch am Spidol, zwee
fréier Schoulkolleegen, déi sech no laanger Zäit op enger niwweleger Parkplaz erëmbegéinen, e
Wonnerkand, dat net ze zëssen ass, de kreative Virschlag vun iessbare Bicher, en Auteur, deen e Buch iwwer Näischt geschriwwen huet, oder och eng Koppel, där hire Sonndesausfluch op de Stauséi ëmmer méi zu enger logistescher Erausfuerderung gëtt:

Well ech mir sécher sinn, datt d’Mustike sech all Kéier op eis gefëllte Streisele puchen an duerno eis
Schëlleren attackéieren, pake mir keng gefëllte Streisele méi an, wa mir op de Stauséi fueren.
Well ech iwwerzeegt sinn, datt d’Mustike sech nëmme méi hallef sou benzeg behuelen, wa si eis gefëllte Streiselen net méi als Trampolin benotze kënnen, sinn ech am Fong zefridden, datt mir eise Stauséimenü geännert hunn.
Well mir zanter Joren all Sonndeg um Stauséi eng Räiszalot an e gefëllte Streisel giess hunn, ass et awer guer net einfach, deen Ëmschwong ze verquëssen an eis domat ofzefannen, datt no der Räiszalot elo op eemol kee gefëllte Streisel méi an eiser Killbox läit.

D’Texter hu verschidde literaresch Formen: Et ass Erzielprosa dobäi, mä och Mono- an Dialoger
gehéieren zum Repertoire, all an der Lëtzebuerger Sprooch. D’Geschichten, déi se erzielen, pendelen
tëscht Tragik a Komik hin- an hier an dacks ass näischt, wéi et ugangs schéngt …

Guy Rewenig

RTL

© Maisy Kolbach

De Guy Rewenig, 1947 zu Lëtzebuerg gebuer, schreift an de Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch
a Franséisch. Säi Repertoire reecht vun Erzielungen, Geschichten, Romaner a Lyrik iwwer Texter
fir Kanner bis zu Theaterstécker, Cabaret an Essayistik an hie gëllt als de Begrënner vum neie
lëtzebuergesche Roman.

GUY REWENIG
DEN HÄR MÜLLER SPRÉNGT IWWERT
SÄI SCHIET A LAND AM GUINNESSBUCH
Geschichten an Erzielungen
320 Säiten, 145 x 225 mm
Gebonne mat Ëmschlag a Liesbändchen
ISBN 978-99959-42-67-0
24 €