Et gëtt zu Lëtzebuerg vill talentéiert Kënschtler, déi et awer dacks schwéier hunn, mat hirer Konscht op sech opmierksam ze maachen.

Dofir huet d'CartoonArt a.s.b.l. viru kuerzem ee Buch erausbruecht, mat enger Selektioun vu 60 Lëtzebuerger Illustrateuren. Wann een iwwert d'Nimm vun deene 60 Illustrateure kuckt, da fënnt een dorënner eng Partie Nimm déi ee scho kennt. Zum Beispill Cartoonisten, oder Bande Dessinées Zeechner. Mä d'Illustratioun limitéiert sech net just op Cartoons a BDën. Als Illustrateur muss een eppes illustréieren, wat net fir sech selwer ass. Dat si virun allem aneren Auteuren hir Bicher, kënnen awer och Reklamme sinn.

Et gëtt immens vill Leit zu Lëtzebuerg, déi ee guer net kennt, déi awer genial Zeechner sinn, an déi et verdéngt hunn, datt een op se opmierksam gëtt. Mä genee dat war dat komplizéiertst um Buch: D'Illustrateure fannen fir hinnen eng Plaz ze bidden a sech méi engem breede Publikum kënne virzestellen.

Am Buch "60 Illustrators of Luxembourg" gesäit ee, wéi vill fantastesch Illustrateuren et hei am Land gëtt. Mä och wa 60 schonn eng beandrockend Zuel ass, heescht dat nach laang net, datt déi Lëscht och komplett ass. Et geet drëm, Kënschtler selwer eng Plattform ze bidden, mat där si weise kënnen, wat si drop hunn. Dobäi geet et och drëm, fir déi verschiddenst Genren ze weisen, déi et an der Illustratioun gëtt.

Een Auteur deen also grad un engem Buch schafft an dofir Illustratioune brauch, mä net weess, wien dofir kéint gefrot ginn, oder eng Firma oder ee Veräin déi zum Beispill fir eng Publicitéit Illustratioune brauchen, fannen an dësem Buch ee Portfolio vu 60 verschiddene Kënschtler, mat hiren Internetsäiten an Email-Adressen. Mä och als Konschtintresséierten ass dëst Buch eng Méiglechkeet fir verschidden Talenter ze entdecken a mateneen ze vergläichen.

De Redaktiounscomité vun der CartoonArt a.s.b.l. sammelt och weider Donnéeën iwwert Lëtzebuerger Illustrateuren, fir zu engem spéideren Zäitpunkt eventuell eng Kéier eng aktualiséiert Versioun vum Buch kënnen ze proposéieren. Villäicht esouguer mam Objektiv 100 Illustrators of Luxembourg, woubäi een dobäi awer och d'Format vum Buch net aus den Aë verléieren dierf. Do sinn engem um Enn awer Grenze gesat. Hei kritt all Kënschtler zwou Säiten zur Verfügung gestallt, fir sech a säi Wierk kënne virzestellen.

D'Buch mat de 60 Lëtzebuerger Illustrateuren fannt Dir fir 35 Euro an de Butteker, online ewéi offline. Dir kënnt et och direkt bei der CartoonArt a.s.b.l. bestellen (info@cartoonart.lu), do kritt Dir et dann och direkt gratis heemgeschéckt.