Dës Bande Dessinée baut op ee Fait Réel op, deen nom Doud vum Albert Einstein eng Zäit an der Aktualitéit war. Si stécht wéinst hirer Originalitéit ervir.

AUDIO: La fuite du cerveau

Ee Wëssenschaftler hat deem säi Gehier geklaut, fir eraus ze fannen, wou deem säi Genie hierkomm ass. Doraus huet de Pierre-Henry Gomont eng Bande Dessinée gemaach, déi extrem witzeg, a voller gudder visueller Iddien ass. Säi leschten Album huet “Malaterre” geheescht, mä dee war awer vum Toun hir ganz anescht. Hei proposéiert hien eng Comédie, am Stil vun den amerikanesche Comédien aus den 1950er Joren.

Mä och wann déi zwee Bicher ganz verschidde sinn, hu si e puer Saache Gemeinsam. Dozou gehéiert och d‘Zuel vun de Säiten. „Malaterre“ a „La fuite du cerveau“ hunn allebéid 192 Säiten. Ee Format dat den Auteur gär huet, well een iwwert dem Liese vun dëser BD esou vill Zäit mat der Geschicht verbréngt ewéi bei engem Film. Effektiv dauert déi éischt Lecture, wann een net ze vill op Detailer oppasst, ronn annerhallef Stonn. Bei dësem Buch lount et sech och wierklech fir se nach eng zweete Kéier ze liesen. Well nieft der eigentlecher Geschicht, stécht se och voller Detailer, déi et derwäert sinn, entdeckt ze ginn.

„La fuite du cerveau“ erzielt déi verréckt Geschicht vum Thomas Stoltz, deen dem Professeur Albert seng Autopsie no sengem Doud soll duerchféieren. Dee klaut d‘Gehier awer a gëtt op senger Flucht vum Professer Albert sengem Kierper begleet, well deen net ouni säi Gehier ka sinn. Hien iwwerriet d‘Neurologin Marianne Rubis fir d‘Gehier ze ënnersichen. An op hirer Flucht gi si vun Agente vum FBI gejot. D‘Nimm a Situatiounen (bis op de Kierper deen den Thomas Stoltz hei op Schrëtt an Trëtt begleet) bauen op Situatiounen an déi Persounen op, déi deemools wierklech eppes mat der Fuerschung ronderëm dem Einstein säi Gehier ze dinn haten, se si just liicht geännert ginn.

Och an de wëssenschaftlechen Detailer fënnt ee Prezisiounen, déi vill méi wäit an den Detail ginn, wéi dat normalerweis an enger humoristescher Bande Dessinée de Fall ass. Dat huet och eppes mat der Formatioun vum Auteur ze dinn. Et ginn effektiv vill Parallellen tëscht den Iddie vum Thomas Stoltz a Marianne Rubis an der Theese déi de Pierre-Henry Gomont um Schluss vu sengen Etüde geschriwwen huet. Dobäi geet et him awer och net drëm, fir bis an dee leschten Detail wëssenschaftlech korrekt ze sinn. An éischter Linn geet et ëmmer nach drëm d‘Lieser ze ënnerhalen, a just an e puer Biller de Fonctionnement vum Gehier ze erklären.

Déi éischt Säiten aus dëser BD liesen

D‘Geschicht gëtt virun allem duerch d‘Dialoge vun de Personnage rhythméiert. Just heiansdo gëtt et tëschenduerch eng Voix Off, déi fir de Lieser e puer Situatioune kommentéiert. An esou ergänzt déi Stëmm aus dem Off déi geschwaten Texter tëscht de Figuren. Déi Stëmm, dat ass déi vum Pierre-Henry Gomont, dee sech domat direkt u seng Lieser riicht an eng Zort Complicitéit tëscht dem Auteur a senge Lieser opbaut. Och do fënnt een den Afloss aus dem Kino vun den 1950er Joren erëm, virop d‘Zeechentrickfilmer, wéi déi vum Tex Avery, an deenen d‘Personnagen um Ecran och dacks direkt mat hirem Publikum geschwat hunn.

Och d‘Mise en Scène vun dësem Album e puer Zeene erënnert un d‘Zeechentrickfilmer, an ënnersträichen datt d‘Bande Dessinée zwar vill mat Filmer gemeinsam huet, an trotzdeem ganz ënnerschiddlech ass. Schonn eleng, well d‘Biller sech hei net beweege kënnen, mä et d‘Konscht vum Auteur ass, fir een Androck vu Beweegung beim Liesen ze provozéieren. Och déi Detailer an der Mise en Scène maachen d‘Originalitéit vum Buch aus, wouduerch et och immens vill Ofwiesslung gëtt, an et engem iwwert dem Liesen ni langweileg gëtt. Och net, wann een d‘Geschicht vir d‘Zweet oder Drëtt oder nach méi dacks liest.

Et gëtt och eng Zeen, an där d‘Stëmm aus dem Off, also den Auteur, op d‘Brutalitéit bei Policeasäz ageet. Hie seet do, datt dat eng universell Konstant ass. Eng Ausso, déi mat allem wat dëst Joer geschitt ass, och een aktuelle Bezuch mat an d‘Geschicht bréngt. Déi verschidde Kapitelen am Buch fänken all mat Citatiounen un, vun Auteuren ewéi dem Georges Orwell oder Molière, mä och vu Philosophen ewéi Spinoza oder Sénèque. Mä vum Albert Einstein, vun deem et jo och e puer flott Citatioune gëtt, fënnt een an dësem Buch keng!

An datt d‘Buch zwar an der Fuerschung ronderëm dem Einstein säi Gehier säin Ausgangspunkt huet, vir do ronderëm eng ganz geckeg Fiktioun ze erzielen, féiert dann och bei d‘Konklusioun vum Buch, an där sech d‘Geschicht da ganz vun den Anekdote léisst, an dem Thomas Stoltz ee leschten, ganz intime Moment mam Professer Albert léisst, mat deem hie wärend de 188 Säiten esou eng verréckt Aventure erlieft huet.

„La fuite du cerveau“ ass eng vun deene flottsten an originellste Bande Dessinéeën déi dëst Joer erauskomm sinn. Se ass witzeg, ouni dobäi awer dee wëssenschaftlechen Eescht an déi reell Anekdoten aus den Aen ze verléieren. D‘Buch kascht 25 Euro an ass bei den Editions Dargaud erauskomm.