
En Tour duerch Lëtzebuerg fir ze entdecken a selwer z'erliewen.
Vun den éischte Spuere vun de Urmënschen zu Éiter iwwer d'Handwierk vun de Wiewer an der Fiels bis bei déi aktuell Europageschicht an der Stad - mat vill Ambiance an Informatioun féieren de Fotograf Rob Kieffer an den Auteur Joseph Colbach de Lieser iwwer Joerdausenden ewech duerch d'Lëtzebuerger Geschicht.
Dozou gehéieren déi bekannte Buergen, Kierchen, Industrie-Frichen, awer och manner bekannten oder historesch Relikter, wéi de Menhir bei Miersch oder dat verloossent Duerf Uewerschlënner.

Vill Plazen erziele vun mënschleche Schicksaler - wéi dem Klëppelkrich bei Veianen, de Paweesteng zu Déifferdeng, déi un d'Juddeverfolgung erënneren, dem Sentier des Passeurs bei Ëlwen - oder vun däischteren a misteriéisen Evenementer aus dem Mëttelalter am Mëllerdall. Och d'Geschicht vun der Eisebunn, der Eisenindustrie, der Parzeläin-Firma Villeroy & Boch oder de Medien, mat den RTL-Tierm zu Jonglënster, sinn dokumentéiert.
Fir den Tour kann ee sech duerch d'Buch bliederen, et kritt een awer och de Wee gewisen, wéi ee selwer op déi beschriwwe Plaze ka goen, pedaléieren oder fueren mat enger Oplëschtung vun Trëppel-a Vëlosweeër, Muséeën an de verschiddenen Uertschaften.
"Luxemburg - eine Zeitreise" ass op däitsch bei Ernster Editions erauskomm, huet 248 Säiten a kascht 55 Euro.

D'Auteure Joseph Colbach a Rob Kieffer / © Editions Ernster