Deen éischten Optrëtt iwwerhaapt hat hien den 2. Januar 1941, wéi hien op enger Säit aus der Geschicht “Le Crabe aux Pinces d’Or” ze gesi war.

Déi ass op deem Datum an der belscher Zeitung “Le Soir” publizéiert ginn ass. Eng Woch méi spéit, den 9. Januar 1941, ass hien dem Tintin fir d’éischt begéint. Dobäi huet, wann ee gesäit wéi déi zwee sech fir d’éischt begéint sinn, guer näischt drop higedeit, datt aus deenen zwee déi beschte Frënn géife ginn, an den Haddock an Zukunft eng wichteg Roll géif spillen. De Kapitän war brutal, huet dem Tintin eng Fläsch um Kapp futti geschloen. An awer hu si sech am Laf vun dëser Geschicht fonnt.

80 Joer Kapitän Haddock

Den Haddock, de Weltmeeschter am fluchen, ass och een Aspekt vum Kapitän, dee sech eréischt lues a lues weiderentwéckelt huet. Am „Crabe aux pinces d‘Or“ vernennt hien um Ufank zwar déi Banditten, déi op Hien an den Tintin schéissen, mä duerno ginn et zëch Säiten, op deenen hien net eng Kéier flucht. Bis et dann op eemol aus him erausbrécht. Déi zwee Helden erliewen duerno nach 14 weider Aventuren zesummen. Dorënner och eng, „Au Pays de l‘Or Noir“, an där den Haddock bal net dra virkënnt. Um Enn vum Album seet hien als Erklärung selwer: „C‘est à la fois très simple et très compliqué“. Dobäi ass d‘Erklärung u sech ganz einfach: D‘Geschicht „Au Pays de l‘Or Noir“ ass am Original schonn eng Kéier virum „Crabe aux Pinces d‘Or“ erauskomm. Den Tintin an den Haddock si sech an där Versioun also nach net begéint. Eréischt wéi den Hergé décidéiert huet, seng Albummen all nei ze zeechnen, a vum Schwaarz-Wäiss op d‘Faarf ze goen, war den Haddock awer schonn ee feste Bestanddeel vum Tintin senge Geschichten. Wéi den Album „Au Pays de l‘Or Noir“ also un d‘Rei komm ass, huet den Hergé den Haddock just um Ufank kuerz gewisen, dunn huet hie séier misste fort, an ass um Enn eréischt erëmkomm. Alles wat dertëscht geschitt ass, ass u sech déi aktualiséiert Versioun vun der Geschicht éier et den Haddock gouf.

Et gëtt e puer Memorabel Zeenen am Tintin sengen Aventuren an deenen de Kapitän Haddock voll ewéi ee Raiber alles op d‘Kopp gehait. Mä et ginn och Situatiounen, an deenen hie probéiert, dréchen ze sinn. Nieft sengem legendäre Soff ass den Haddock awer och bekannt dofir, datt hien eng ganz originell Manéier hat, fir ze fluchen. Dobäi huet den Haddock beim Fluchen och eng Classe, déi éischter rar an esou Situatiounen ass. An esou witzeg dat och kléngt, et bréngt warscheinlech näischt den Haddock nozemaachen an och op seng Manéier ze fluchen. D‘Originalitéit an d‘Intelligenz vum Hergé war et, fir Wierder sichen ze goen, déi den Haddock konnt vu sech ginn, déi net am normale Sproochgebrauch waren, mä ganz authentesch eriwwerkommen, wann den Haddock bis lass leet.

De Kapitän Haddock ass awer sécher och mat dofir Responsabel, datt den Tintin net nëmme Kanner begeeschtert, mä och Erwuesse Lieser. Hien ass net perfekt. Hie mécht Feeler, heiansdo och ganz schlëmmer. De Kapitän Haddock ass deemno ee Personnage, dee sech net just op säi fluchen a säin Alkoholismus reduzéiere léisst. Hien ass vill méi komplex ewéi dat.

Op alle Fall ass dësen 80. Gebuertsdag vum Kapitän Haddock eng gutt Geleeënheet, mol nees deen een oder aneren Tintin ze liesen.