Den Auteur erzielt d‘Geschicht vu sengen zwee Haaptpersonnage vun Hannen no Vir. Dat heescht: D‘Bande Dessinée fänkt u sech do un, wou d‘Geschicht ophält.

AUDIO: Malgré tout

De Spuenier Jordi Lafebre erzielt fir seng éischt BD fir déi hien net nëmmen den Zeechner ass, mä och den Zeenarist,  d‘Geschicht vum Ana a vum Zeno, déi no 37 Joer endlech zesumme fannen. Dat kléngt net immens spektakulär an ass eng Geschicht déi schonn dacks erzielt ginn ass. Mä net op dës Manéier. Hie brécht mat der Gewunnecht an hëlt déi bekannt Struktur auserneen, fir an eenzele Kapitelen d‘Geschicht vun Hannen no Vir ze erzielen, esou datt een dat wat déi zwee Personnage verbënnt och als Lieser lues a lues entdeckt. „Malgré tout“ fänkt dofir och mam klasseschen Happy End un, och wann dat eigentlech fir de Lieser den Ufank vun der Geschicht ass.

Déi originell Approche fir d‘Geschicht mol eng Kéier net op déi typesch lineaire Manéier ze erzielen ass awer net déi eenzeg originell Iddi déi de Jordi Labebre an dëser Bande Dessinée verschafft huet. Bal all Säit ass eng flott Iddi, an all Kapitel ginn et Zeenen, déi mat de Gewunnechte briechen an esou nieft der Manéier fir ze erzielen och den Aen eppes ze bidden hunn.

An trotzdeem ass d‘Geschicht ganz flësseg. Iwwert dem Liese verléiert ee sech zu kengem Moment am Fait, datt d‘Geschicht vun Hannen no Vir erzielt gëtt. Et gëtt ee roude Fuedem, deen alles beieneen hält. An all Kapitel beäntwert och eng Fro, déi dat Kapitel virdrun opgeworf huet. Esou datt sech lues a lues alles wéi ee Puzzle zesummesetzt.

D‘Ana an de Zeno sinn hiert Liewe laang getrennt, bleiwen a Kontakt, mä liewen awer och jiddweree säin eegent Liewen. D‘Ana ass zum Beispill bestuet, huet eng Duechter an ass eng ganz engagéiert Buergermeeschtesch vun der Stad, an där d‘Geschicht spillt. De Zeno huet ee beweegtent Liewen, mat deem hie ronderëm d‘Welt gereest ass, mä wärend deem hien och eng wëssenschaftlech Thees virun engem Uni-Jury vertrueden huet, an där et ëm d‘Méiglechkeet geet, fir an der Zäit kënnen ze reesen, vun Hannen no Vir, esou wéi d‘Geschicht och erzielt gëtt.

No 150 Säite kënnt een dann um Enn vun der Geschicht un. Enn vun der Geschicht fir d‘Lieser, well fir d‘Personnage fänkt do u sech alles un. An deem leschte Kapitel dreift de Jordi Lafebre d‘Iddi vum Hannevir nach weider op d‘Spëtzt, andeems hien dat Kapitel esou opbaut, datt een et u sech mat deem leschte Bild ufänke kann, fir da vum leschte Bild lues a lues bis bei dat éischt Bild vun deem Kapitel ze kommen, an esou awer eng linear Erzielform erëm ze fannen, ebe just deen ëmgedréinte Wee wéi een dat gewinnt ass.

An um Enn geet ee Krees zou, well déi zwee lescht Biller am Album sinn een direkt Spigelbild vun deenen zwee éischte Biller. A wann ee vun Ufank u weess, wéi d‘Geschicht ausgeet, ass och dat nees een neien Ufank, well do fänkt dat gemeinsaamt Liewe vum Ana am vum Zeno eréischt un. Mä wéi dat weider geet bleift der Fantasie vum Lieser iwwerlooss.

„Malgré tout“ kascht 22,50 Euro an ass bei den Editions Dargaud erauskomm.