Gespréich mam Literaturwëssenschaftler Samuel Hamen iwwert d'Liewen an d'Wierk vum Léopold Hoffmann.

De Léopold Hoffmann, gebuer 1915, war e Lëtzebuerger, Schrëftsteller, Dichter a Literaturkritiker. Eng Auswiel vu sengen Texter ass elo an der Serie "Lëtzebuerger Bibliothéik" vum CNL erauskomm, virgestallt a kommentéiert vum Samuel Hamen. D'Bea Kneip huet sech mat him ënnerhalen.

D'Wierker vum Léopold Hoffmann sinn hautdesdaags net méi esou einfach ze fannen. Bekannt gouf dee gebiertege Klierfer haaptsächlech duerch seng Gedichter, Kuerzprosa an Aphorismen, awer och als Kritiker huet en sech en Numm gemaach. De Literat dee säi lescht Buch 2006 am Alter vun 91 Joer publizéiert huet, war iwwer Joerzéngten e ganz wichteg Personnage an der Lëtzebuerger Literaturlandschaft. Am Gespréich geet de Samuel Hamen op d'Roll vum Léopold Hoffmann an der Lëtzebuerger Literatur an, seng Passioun fir säi Beruff als Enseignant an erzielt, wat de Léopold Hoffmann mat Perséinlechkeeten wéi dem Heinrich Böll oder dem Marcel Reich Ranicki verbënnt.

"Léopold Hoffmann (1915-2008) ausgewählte Werke" CNL
RTL

Samuel Hamen / © RTL/Bea Kneip

RTL