No engem éischte Buch virun 2 Joer kënnt haut déi zweet Bande Dessinée eraus, déi weist, wat op der Uni Lëtzebuerg gefuerscht gëtt.

AUDIO: LUX:Plorations - E Fuerschungsuniversum

D'Konzept vun där neier BD ass awer e bësschen geännert ginn. De Succès vun där éischter BD huet d‘Ekipp motivéiert fir weider ze maachen, dës Kéier awer net mat enger Agence, mä mat Lëtzebuerger Kënschtler*innen. De Kontakt ass iwwert de BD Festival zu Konter virun 2 Joer gelaf, wou deen éischte Wëssenschaftscomic op engem Stand virgestallt ginn ass, an déi Responsabel an d'Kënschtler sech eng éischte Kéier begéint sinn.

D'Zeechner*innen erzielen zesumme mat Wëssenschaftler*innen, déi an der Fuerschung zu Lëtzebuerg schaffen, an 8 kuerze Geschichten, wat si schaffen an erklären esou ganz einfach, firwat déi Fuerschung esou wichteg ass.

Domat erfëllt dëse Comic direkt e puer Zwecker: Et ass eng gutt Reklamm fir d'Fuerschung zu Lëtzebuerg. Am Ausland kann esou zum Beispill séier an effikass gewise ginn, wat de Stand vun der Fuerschung zu Lëtzebuerg ass. Et ass awer och eng Reklamm, mat där jonk Leit Loscht gemaach kréien, fir Wëssenschaftler wëllen ze ginn. A virun allem ass et fir d'Wëssenschaftler selwer och een Outil, fir Wëssenschaftskommunikatioun.

D'Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Kënschtler*innen huet op alle Fall eppes bruecht. Wann d'Geschichten an deem éischte Buch heiansdo e bëssche steril an hire Biller gewierkt hunn, mierkt een hei, datt sech jiddweree voll a seng Aarbecht geknéit huet, a Loscht hat, un deem Projet mat ze schaffen.

Et soll och weider goen, LUX:plorations soll reegelméisseg erauskommen, an esou iwwert de Wee vu kuerze Comics, een Abléck an d'Fuerschung zu Lëtzebuerg an hirer ganzer Vilfalt ze weisen. An déi nächst Episode sollen och méi interaktiv ginn, andeems jiddwereen iwwert eng speziell Säit um Internetsite vun der Uni Lëtzebuerg Virschléi maache kann, wat ee selwer interesséiert.