"The Pleasure of Drowning" an "Ein Wort in Esels Ohr" dat sinn d'Titelen vun deenen 2 Bicher ëm déi et elo an eisem literaresche Podcast "BicherLies" geet.

De Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip ginn nees an d’BicherLies! An der neitster Episode vun hirem Podcast ass de Jean Beurlet, alias Jean Bürlesk hiren Invité. Mat him ënnerhalen si sech iwwer säin Erzielband „The Pleasure of Drowning” , seng Virléift fir Fantasy a säin neit Theaterstéck mam Titel "Pas un pour me dire merci" dat am Abrëll am Escher Theater uleeft. A fir de Jérôme gëtt et eng Iwwerraschung...Well net nëmmen de Jean Beurlet gëtt an d'Kräizverhéier geholl. De Jean an d'Bea dréinen de Spiiss ëm a froen de Jérôme iwwer säin neit Buch "Ein Wort in Esels Ohr" aus.

2. De Jean Beurlet (an de Jérôme Jaminet) am Kräizverhéier
RTL

© Luna Press Publishing

RTL

© capybarabooks

"The Pleasure of Drowning" vum Jean Bürlesk ass bei Luna Press Publishing erauskomm

"Ein Wort in Esels Ohr" vum Jérôme Jaminet ass bei capybarabooks erauskomm

RTL