D.O.W., dat ass ee Superheld à la française, ouni spezielle Superkräften, mä mam Wëllen, déi organiséiert Kriminalitéit ze stoppen.

D.O.W. T.1 - Les ailes du loup

Et ass eng fiktiv Serie, déi d’Thilde Barboni zesumme mam Gabor realiséiert. Mä bei all Fiktioun stécht och vill Aktualitéit mat dran. Dem Haaptpersonnage säi Beruff ass Tätowéierer. Schonn eleng domat kënnt hie mat Kriminellen a Kontakt, Tatoos sinn an der Geschicht vun deene verschiddenste mafiéise Strukturen ee feste Bestanddeel. Nuets ass hien dann ënnerwee, an taggt ënnert anerem ëffentlech Gebaier, fir esou op kriminell Aktivitéiten opmierksam ze maachen. Datt hien do a villen Zeenen ewéi de Batman eriwwer kënnt ass keen Zoufall, d'Zeenaristin war als Kand ee grousse Fan vum Batman, huet och scho fir een anere Projet mam Guillem March zesummegeschafft, deen als Comiczeechner och de Batman zeechent, a steet zu deem Afloss beim D.O.W., och wa si hire Personnage awer ganz anescht opgebaut huet.

Déi russesch Originne vum DOW senger Famill sinn dann och dofir responsabel, datt ee vun deene Béisen, mat deenen hien ze di kritt, dem Rasputin gläicht. Een Detail an deem éischten Album, deen am zweeten Deel méi eng wichteg Roll soll spillen. Den D.O.W. begéint an deem éischten Album och dem Sascha. Eng Doktesch, déi him grad zu Pas kënnt, wann hie bei sengen Aktivitéiten Nuets blesséiert gëtt. Mä hannert där Doktesch stécht nach vill méi, wat hien awer net erkennt.

Am Fréijoer 2021 soll deen zweeten Deel vun der Serie erauskommen, am Hierscht deen Drëtten. Mä domat ass et dann nach net eriwwer. Dat ass just dat éischt Kapitel vum DOW sengen Aventuren. D‘Iddi ass, datt et och doriwwer eraus nach soll weider goen, ouni datt vun Ufank un ee Schluss virgesinn ass. Dat hänkt da just dovun of, wéi gutt dat éischt Kapitel ukënnt.

Dat et net just nees eng nächst Serie mat vill Action ass, beweist de Fait, datt et nieft der eigentlecher Aventure vill Detailer ginn, déi wäit doriwwer erausginn. Zum Beispill doduerch, datt dës Bande Dessinée och fest an der Aktualitéit verankert ass. D‘Flüchtlingskris ass esou een Thema, dat den DOW och beschäftegt. Virun allem geet et och drëm, fir ze weisen, datt et Mënsche ginn, déi vum Misär vun anere profitéieren.

Déi éischt Säiten aus dëser BD liesen

Trotz allem erzielt DOW awer keng pechschwaarz Geschicht. Et gëtt och vill witzeg Situatiounen. Ganz dacks fënnt een deen Humor an den Dialogen, dacks bei Figuren, vun deenen ee sech dat net erwaart hätt. An eng witzeg Situatioun, déi ee Running Gag gëtt, ass déi vum Polizist, deen einfach net fäerdeg bréngt mat Fëmmen opzehalen.

Et ginn an der Geschicht d‘Helden, virun allem den Haaptpersonnage. Et ginn awer och richteg Drecksäck. Ausser dem Sascha spillen d‘Fraen hei éischter eng Nieweroll, dacks och als Bimboen déi just do si fir schéin ze maachen. Dat eleng iwwerrascht scho wann ee bedenkt, datt d‘Thilde Barboni selwer eng Fra ass. D'Manéier wéi si d'Männer beschreift ass awer richteg gutt, a si wëll och op kee Fall Fraefeindlech eriwwerkommen. Engersäits mécht si op déi Manéier och de Geck mat de Klischeeën, anerersäits geet et och drëm, verschidde männlech Personnagen an hirer Geschicht méi kredibel eriwwer ze bréngen, ouni dobäi selwer Positioun ze huelen. Donieft ass si net drop aus, fir politesch korrekt mussen ze sinn. Dat mécht eng Geschicht langweileg, an entsprécht net der Realitéit vun eiser Gesellschaft, déi alles anescht ewéi politesch korrekt ass.

Den Zeechner vun DOW ass de Gabor, een Auteur deen hir n ieft villen aneren vun hirem Editeur virgestallt ginn ass. Hien zeechent net nëmmen d'Personnagen an d'Décoren op eng ganz kredibel a realistesch Manéier, mä fillt sech och am der Welt vun de klasseschen Zeechner wuel, déi och een Deel vun der Geschicht sinn, grad ewéi bei allem wat mam Tätowéieren ze dinn huet. Well hien esou vill vu sech an dësem éischten Album vun der Serie mat abruecht huet, huet d'Thilde Barboni hier Manéier fir ze schreiwen och u säi Stil ugepasst, wat virun allem an deenen nächsten zwee Albume méi zum Droe soll kommen.

Mat all deenen Detailer déi d‘Zeenaristin am Gespréich iwwert hir nei Bande Dessinée verroden huet, liest déi Geschicht sech nach eemol aus enger ganz anerer Perspektiv. Et ass eng Geschicht, mat där d‘Thilde Barboni weist, wat alles an hir stécht, a wéi gutt si déi verschiddenst Geschichten erziele kann, ouni sech ob ee Stil fest ze leeën.