Schonn ëmmer dreemt de Panda Teo dovun, esou staark a couragéiert ze sinn, wéi de Kinnek vun den Déieren, de Léiw!

Léif an onscheinbar ze sinn, dat ass net ëmmer einfach. Schonn ëmmer dreemt de Panda Teo dovun, esou staark a couragéiert ze sinn, wéi de Kinnek vun den Déieren, de Léiw! Fir de Panda ass et nämlech dat Schéinst vum Dag, dem Léiw bei sengen Erliefnisser nozekucken an sech esou och emol an en Déier, wat respektéiert gëtt, eranzeversetzen. Enges Daags stellt de Panda allerdéngs fest, datt net ëmmer alles esou ass wéi et schéngt, mee, dass och bei deem Stäerksten d'Mask fale kann. Am Laf vun dëser Geschicht léiert de Panda, wéi wichteg et ass, u sengen Dreem festzehalen, an datt dës mat e wéineg Courage och kënnen en Erfëllung goen! Dëst flott illustréiert Billerbuch hëlt d'Kanner mat op eng spannend Entdeckungsrees, ronderëm de Panda an de Léiw, déi eis ëmmer rëm staunen a schmunzele léisst.

RTL

© Ernster éditions

Den Auteur: Gilles Kolbet
De Gilles Kolbet, deen den Text zu dësem Buch geschriwwen huet, ass 1988 gebuer a wunnt zu Lëntgen. Am Joer 2007 huet hien säin Ofschloss am Lycée Robert Schuman gemaach, an ass dunn op Baachtnech gaange fir säi Studium zum Schoulmeeschter op der Héichschoul ze absolvéieren. Nodeems hien ee Joer zu Fëschbech a Màrel enseignéiert huet, ass hien elo säit 2013 an der grondschoul zu Kielen täteg. D'Kannerbuch "Pantastesch" ass an Zesummenaarbecht mam Illustrateur vum Buch Marcel Morbé entstanen.

Den Illustrateur: Marcel Morbé
De Marcel Morbé, deen d'Biller zum Buch gemoolt huet, ass 1978 gebuer. Hien huet zu Léck Industriedesign- an zu Stroossbuerg en Arts Plastique-Studium ofgeschloss. Vu Beruff ass hie Professor an der Education Astistique, a schafft a senger Fräizäit als Grafiker an als Illustrateur.

RTL

© Ernster éditions

"Pantastesch" ass erauskomm bei Ernster éditions