Eng Roadnovel duerch d'Schwäiz.

26 Joer nodeems de Schwäizer Schrëftsteller Christian Kracht säi Protagonist a sengem ëmstriddenen Debütroman ''Faserland'' duerch Däitschland reese gelooss hat. Deemools huet de Christian Kracht iwwer déi iwwerflächlech Attitüd vun enger Jugend geschriwwen, déi kee klassesche moraleschen a politesche Kompass méi huet.

A ''Eurotrash'' erzielt de Schrëftsteller d'Rees vun engem Schrëftsteller am mëttleren Alter, dee mat senger psychesch kranker Mamm am Krees duerch d'Schwäiz reest. De Roman ass perséinlech, eescht awer och witzeg. Erzielt den Auteur eis hei vu senger eegener Famill?

Den Ech-Erzieler gëtt vum Kracht zimlech oppen als autobiographesch Figur presentéiert. En heescht nämlech och Christian Kracht, ass Auteur an huet e Buch geschriwwen dat – den Erzieler ka sech net méi sou richteg erënneren – ''Faserland'' heescht. En huet ewéi de richtege Kracht e Papp dee Chef am Springer Verlag war. Ma wien sech e bësse mam Christian Kracht ausernee gesat huet, weess: esou liichtfankeg dierf een dem Christian Kracht net trauen. Engem Mann deen alles mécht fir de Mythos ronderëm seng Persoun oprecht ze erhalen.

De Claude D. Conter ass Direkter vun der Nationalbibliothéik an Auteur vun engem Buch iwwer dem Christian Kracht säi Wierk, also e richtegen Expert. Am däitschsproochege Feuilleton gouf vill driwwer diskutéiert, ob eppes a wa jo wéi vill vum richtege Christian Kracht an dësem Buch stécht. De Claude D. Conter leet sech allerdéngs fest, dass de Schwäizer Auteur an ''Eurotrash'' op en neits ganz wéineg Wourechten aus senger eegener Biographie verschafft:

De Christian Kracht sezéiert seng Familljegeschicht, op mannst déi vum fiktive Christian Kracht, dem Erzieler. An d'Mamm déi an ''Eurotrash'' mat duerch d'Schwäiz reest, ass zwar psychesch labil, suckelt permanent un enger Fläsch Vodka an huet e kënschtlechen Daarmausgang, mä si huet eng staark Perséinlechkeet. Hire Papp war en Nazi, hire Mann e klengkaréierte Parvenue, dee éiweg gefaart huet nees aus dem Krees vun de Räichen a Schéinen ecartéiert ze ginn. Den Ech-Erzieler erwäänt ganz niewebäi, dass en mat 11 Joer an engem Internat a Kanada vun engem Paschtouer mëssbraucht gi war. Et kléngt alles schrecklech eescht. Mä tatsächlech ass d'Rees am Taxi vun dëser ongläicher Koppel, gealterte Schrëftsteller an labil Mamm, witzeg. De Christian Kracht huet nämlech Humor, weess och de Spezialist Claude Conter.

Eurotrash ass e grousst Spill mat der Weltliteratur. Och gemaach fir déi, déi sech iwwer popkulturell a literaresch Referenze freeën: d'Buch ass voll dovun.

Et kann ee sech um Christian Kracht seng Spillercher aloossen, säi ''Spiegelkabinett''. Et muss een awer net. De Claude D. Conter ass sech sécher, dass een ''Eurotrash'' wonnerbar liese kann, och wann ee bis elo nach näischt vum Christian Kracht gelies huet, och net säi berühmten éischte Roman ''Faserland''. ''Eurotrash'' funktionéiert eleng an op villen Niveauen.