5 Bicher stinn op der Shortlëscht. D'Bea Kneip huet sech mat den Auteur(innen) ënnerhalen.

"Die Lombardi-Affäre" vum Guy Helminger (Capybarabooks)
An "Die Lombardi-Affäre" geet de Guy Helminger vun engem onerklärleche Mord aus a spënnt vun do e Fuedem weider deen wéi e Spaweck déi hallef Welt iwwerzitt a wäit zeréck an d'Vergaangeheet reecht.

"Wie viele Faden tief?" vun der Ulrike Bail (Conte Verlag)
Mat Fiedem, besser gesot mat Nol a Fuedem, schafft och d'Ulrike Bail an hierem Gedichtband "Wie viele Faden tief". Gedichter iwwert d'Bitzen.

"La guerre du temps" vum Jean Sorrente (Hydre éditions)
Eng Familjegeschicht huet de Jean Sorrente zu sengem ganz komplexe Roman "la guerre du temps" inspiréiert, eng Erzielung déi sech vun 1930 bis eran an d'90er Joren zitt, a wou den Auteur selwer zu enger Romanfigur gëtt.

"A Treasury of Tales" vum Robert Schofield (Black Fountain Press)
Zum kulturellen Ierwen gehéieren och déi Geschichten déi d'Mënschen sech erzielen, an déi evokéiert de Robert Schofield an "The Treasury of Tales". A sengem Roman den am fréien 19te Jorhonnert spillt , interesséiert hien sech awer och fir Grenzen, a wat geschitt wa si op eemol nei gezu ginn.

Robert Schofield: 

Wéi ech ugefaangen hu mat schreiwen, war et grad en 200sten Anniversaire vun de Gebridder Grimm hieren "Hausmäerercher" Wat mech un der Epoque interesséiert huet, an dat ass och wichteg fir Lëtzebuerg, ass wéi séier dass sech d'Grenze verännert hunn. Et huet een an engem Land gelieft, an op eemool huet déiselwecht Plaz zu engem anere Land gehéiert. 

"Bluttsëffer" vum Jemp Schuster (Imprimerie Centrale)
1905 war Lëtzebuerg nach e ganz anert Land wéi dat wat mir haut kennen. A "Bluttsëffer" , deem éischten Deel vu sénger Familjechronik, zeechent de Jemp Schuster déi Verännerungen bis an d'Joer 1951 no. Den zweeten Deel mam Titel "Ouereschlëffer" den d'Joren 1952-2005 erzielt, ass elo just eréischt erauskomm.

Am Podcast kommen déi 5 Auteur(innen) zu Wuert

D'Bicher vun der Shortlëscht vum Servais-Präis
RTL