U sech wier et un deem 4. Band. Mä eng vun den Iwwerraschunge bei deem neien Tow & Tank ass, datt et NET dee 4. Episod ass, mä d‘Nummer 0.

Tow & Tank (Band 0)

Den Album Nummer 0 vum Tow & Tank ass een Album ouni Text, vun e puer Onomatopeeën, also de Geräischer, ofgesinn. Dat iwwerrascht ëm sou méi, well een anere Personnage aus där Serie, den Zombie Helga se normalerweis net zou kritt, a mat hirem permanente Geschnëss net nëmmen dem Tow heiansdo op d‘Schlappe geet.

De Band 0 ass awer keen Album, an deem ee gewuer gëtt, wat an der Vergaangenheet mam Tow, sengem Tank respektiv mam Helga geschitt ass. Et ass méi drëm gaangen, fir dee Moment ze weisen, just éier déi zwou Figuren sech am éischten Deel eng éischte Kéier begéint sinn. A well déi éischt Biller am éischten Album ouni Text waren, louch et op der Hand déi Iddi och fir dësen Episod bäi ze halen. A wéi déi zwou Geschichte vum Helga a vum Tow sech scho gekräizt hunn, éier si sech begéint sinn.

Et gëtt eng Zeen, an där an dësem Album eppes geschitt, wat herno am Band 4 vun der Serie och eng Roll spillt. Et gëtt awer och eng Zeen mat engem grousse Spaassfacteur, wéi d'Helga nees eng Kéier komplett austickt. Ee léift Tëschekapitel, fir eng Kéier duerch ze ootmen, éier déi eigentlech Geschicht dann am Band 4 richteg weider geet.

Deen neien Album kann een ënnert der Adress towandtank@gmail.com bestellen, oder op der Facebook-Säit vum ND Genen, oder där vun der Serie selwer. Do kënnt Dir och déi däitsch Science Fiction Anthologie "Cozmic" bestellen, fir déi den ND Genen eng Kuerzgeschicht vu 4 Säite gezeechent huet. Dir kritt d'Buch/d'Bicher dann heem geschéckt.

RTL

© ATLANTIS

An am BD vun der Woch Podcast kritt Dir nach méi Detailer iwwert deen neien Tow & Tank an iwwert déi Science Fiction Kuerzgeschicht, a firwat déi dem ND Genen esou wichteg ass.