Eng nei Aktioun vun der Federatioun vun den Editeuren an Zesummenaarbecht mat der Federatioun vun de Librairen

Pénktlech fir den Dag vum Buch presentéieren d'Federatioun vun den Editeuren an d'Federatioun vun de Librairen eng nei Aktioun.

All Mount publizéiere si eng Lëscht mat de jeeweils dräi Favoritten aus de Kategorie Literatur, Sachbuch & Kannerbuch vun enger Perséinlechkeet aus dem Lëtzebuerger kulturelle Liewen, déi gemeinsam vu béide Federatiounen erausgewielt gëtt. Et ginn Affichen a Librairien opgehaang an och op de soziale Medien wäert dës Lëscht presentéiert ginn.

Dëst ass keng Bestsellerlëscht, et geet mol eng Kéier ëm eppes anescht wéi Verkafszuelen, et ass eng perséinlech Favorittelëscht, „Bestenliste“ op Däitsch a „Coups de cœur“ op Franséisch.

Den Optakt, dee fir d’Geleeënheet vum Weltdag vum Buch stattfënnt, mécht d’Kulturministesch Sam Tanson selwer. Hir Favoritte sinn:

Literatur:

Elise Schmit, Stürze aus unterschiedlichen Fallhöhen (Hydre Editions)

Lambert Schlechter, Mais le merle n’a aucun message (Editions Phi)

Samuel Hamen & Marc Angel, Zeeechen (Editions Guy Binsfeld)

Sachbicher

Josiane Weber, Grossherzogin Marie Adelheid (Editions Guy Binsfeld)

E Bléck an eis Natur (Natur an Emwelt)

Jean Bour, Les crimes devant les magistrats. Parquet, juge d’instruction, chambre criminelle du tribunal d’arrondissement de Diekirch et de la Cour d’appel (Editions Paul Bauler)

Kannerbicher

Thomas Schoos & Keong-A Song, Woooow Lëtzebuerg. D'Charlotte an de Monsieur Hibou op Entdeckungsrees (Editions Guy Binsfeld)

Christiane Kremer & Vincent Biwer, So mol, Lobo! (Editions Kremart)

Diane Orben & Myriam Karel, De Wëlle leeft am Bësch (Editions Schortgen)