De Lëtzebuerger Schrëftsteller gouf fir seng Krimi-Kuerzgeschicht "Der ruhende Pol" ausgezeechent.

De "Friedrich Glauser Krimipreis" gëtt dacks als den "Oscar" fir däitschsproocheg Krimien bezeechent. Dee prestigiéise Präis, dee viru méi wéi 30 Joer vum SYNDIKAT (Verein für deutschsprachige Kriminalliteratur) an d'Liewe geruff gouf, gëtt a 5 verschiddene Kategorië verginn. De Lëtzebuerger Raoul Biltgen, deen zu Wien lieft a schafft, war scho 5mol nominéiert, 4mol fir e Kuerzkrimi an eng Kéier fir säi Roman "Schmidt ist tot" (2018) . Mat sénger Kuerzgeschicht "Der ruhende Pol" (publizéiert an de Cahiers Luxembourgeois 03/2020) huet et elo endlech geklappt!

Fir de Glauser-Präis-Gewënner gëtt et och eng Statuett, déi un den Oscar erënnere soll, gläichzäiteg awer och en Detektiv duerstellt. Normalerweis hätt de Raoul Biltgen déi sollte bei der Zeremonie e Samschden den Owend iwwerreecht kréien. Well d'Präisverdeelung awer dëst Joer just online war, wäert se wuel mat der Post kommen.