Een neien Episod vun enger Serie, déi et schonn a ville verschiddene Formater gëtt, an déi ee gewësse Kultfacteur huet.

Nestor Burma T.13 - Les rats de Montsouris

Déi Bande Dessinée ass virun allem duerch de Stil vum Jacques Tardi gepräägt, deen déi éischt Episoden adaptéiert huet. Mëttlerweil schaffe méi Zeechner un där Serie mat, a fir deen 13. Episod, „Les rats de Montsouris“ ass een neien Zeechner mat dobäi. De François Ravard huet deen Episod no engem Zenario vum Emmanuel Moynot realiséiert. Hien huet déi Bande Dessinées Adaptatioune vum Nestor Burma sengen Enquête scho gutt kannt, war selwer ee Lieser vun deene Bande Dessinéeën.

U sech war fir d'éischt geplangt, eng ganz nei Geschicht ze erzielen, déi keng Adaptatioun vun engem Roman wier. Doraus ass awer aus verschiddene Grënn näischt ginn, an esou hu si sech ee Roman erausgesicht, a si bei dësem hänke bliwwen.

De Privatdetektiv Nestor Burma gëtt hei vun zwee Clienten engagéiert, fir eng Enquête am 14 Arrondissement zu Paräis. Deen een, fréiere Bekannten dee mam Nestor Krichsprisonéier war, freet den Detektiv ëm Hëllef wéinst enger Serie vun Abréch. Deen aneren ass ee räiche Bourgeois, deen erpresst gëtt. Wärend senger Enquête fënnt de Burma eraus, datt et ee Lien tëscht deenen zwou Affäre gëtt.

Trailer:

Dësen Nestor Burma ass net deen éischte Krimi deen an de 50er Jore spillt, deen de François Ravard gezeechent huet. Bei den Editions Glénat huet hie schonn d‘Serie „Les mystères de la république“ realiséiert, déi och déi selwecht Zäit gespillt huet. D'Zeechne vun den Dekoren, mä och vun de Personnagen, huet dem François Ravard Pleséier gemaach. Dat ass warscheinlech och ee Grond, firwat Nestor Burma als Bande Dessinée esou ee Succès huet. D‘Auteuren déi un deenen Episode schaffen, identifizéier e sech mat hire Personnagen, a liewen d‘Aventure. Déi Freed spiert een iwwert dem Liesen, an dat ass och hei de Fall.

Een anere Punkt dee wichteg ass beim Nestor Burma senge Bande Dessinées Aventuren, ass d‘Faarf. Oder vill méi: Keng Faarf. Also Zeechnungen am Schwaarz-wäiss, wat einfa ch perfekt bei d‘Stëmmung vun engem Krimi an den 1950er Jore passt. Dofir huet de François Ravard seng Manéier fir ze schaffen e bëssche missten upassen. Hien huet sech bei Prepublikatiounen inspiréiert, bei deene Casterman virun e puer Joer een neien Nestor Burma iwwert dräi Deeler am Format vun enger Zeitung erausbruecht huet, éier den Album erauskomm ass.

Et gëtt eng limitéiert Editioun vun dësem Album am schwaarz-wäiss, déi awer scho vergraff ass. Déi normal Editioun ass faarweg, an do ass d‘Aarbecht vum Philippe de La Fuente ganz wichteg ginn, dee sech ëm d‘Faarwe gekëmmert huet.

"Les rats de Montsouris“ ass ee gudde Krimi, mat där typescher Roman Noir Atmosphär aus der Zäit an där d‘Geschicht spillt. Fir de François Ravard ass deen éischten Nestor Burma op alle Fall gutt geroden, an hien huet d‘Loscht fir mat deem Personnage weider ze maachen. Et kéint esouguer sinn, datt ee vun deenen nächsten Nestor Burma Episoden een ass, deen de François Ravard eleng realiséiert, als Zeenarist an Zeechner.