
© Kremart édition
Deen neitsten Titel aus der Kollektioun "Timba" vu Kremart
Zesumme mat sengem Bouf Ben hëlt den Erzieler eis mat an de Bësch a stellt eis seng Stammbeem vir. Weeër a Spueren aus enger lëtzebuergescher Familljechronik, vun engem fatale Blëtzschlag iwwer eng tragesch Auswanderung bis zu enger ongewéinlecher Frëndschaft am Zweete Weltkrich.
Dem Yorick Schmit seng Geschicht “Weeër a Spueren” mécht den Optakt vun enger ganzer Rei neien TIMBA-Bicher, déi am Laf vum Joer 2021 erauskommen.
TIMBA presentéiert jo Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch an ass den Nofollger vun der Serie SMART. An där Serie huet de Yorick Schmit d’Bichelchen Nummer 7 geschriwwen: Paenitentia. An och e Kannerbuch huet de Yorick Schmit geschriwwen: D’Sandmeechen gouf vun de Rotonden zesumme mat Kremart editéiert.
Yorick Schmit: Weeër a Spueren
TIMBA by Kremart Edition
Korrektur: Myriam Welschbillig
Layout: Mediengestalter.lu – Sacha Heck
Drock: Reka
ISBN 978-2-919781-13-3
40 Säiten, 4 Euro
www.kremart.lu