Et ass déi 22st Editioun vun den Désoeuvrés, organiséiert an Zesummenaaarbecht mam CNL an de Rotondes.

Et ass déi 22. Désoeuvrés-Liesung, déi zweet an de Rotondes an Zesummenaarbecht mam CNL an de Rotondes. Wéi all Kéiers goung et den Organisateuren drëm, New-Comer/nei Talenter a confirméiert Auteuren ze kombinéieren.  A wéi och déi leschte Kéier an de Rotondes war et hinne wichteg, mat Museker zesummen ze schaffen - no enger méi postrockeger Ambient-Oplag hu si dës Kéier mat zwee Elektro-Kënschtler zesummegeschafft, de Max Thommes mat sengem DAS RADIAL a Sensu. Als Invité spécial kënnt de jonke Lyriker Nico Feiden, deen vu Köln ureest. Ausserdeem liesen d'Anne-Marie Reuter, d'Christine Lauer an de Jeff Schinker. Den Organisateuren ass et wichteg, dass Musek a Literatur net laanschtenee spillen/performen, mä eppes Konzeptuelles op d'Bee bréngen, wat stëmmeg ass. An d'Interaktioun mam Publikum ass wiesentlech, wouwéinst et no all Set (Zwee Auteuren an ee Museker) een Austausch mam Publikum gëtt. Doors sinn um 19h30, et fänkt um 20.00 un. Méi Infos gëtt et op http://www.rotondes.lu

RTL

© Yves Conrardy/Rotondes