"De Leo an den Oktopus" erzielt d’Geschicht vum klenge Leo, deen Autismus huet, wat him d'Kommunikatioun mat senge Matmënschen net esou einfach mécht.

Déi lëtzebuergesch Schrëftstellerin Isabelle Marinov huet hir englesch Kannerbicher
The Boy Whose Head Was Filled with Stars: A Life of Edwin Hubble an den USA an Leo and the octopus
an England erausbruecht. Nodeems béid Geschichten och international groussen Uklang fonnt hunn,
(starred reviews vu Publisher’s Weekly a Kirkus), gouf et Zäit eng éischte Kéier eent vun de
Wierker op Lëtzebuergesch ze verëffentlechen. Zesumme mam Martine Schoellen huet si elo
d’Buch De Leo an den Oktopus, dat vun engem Jong a senger spezieller Bindung zu engem Oktopus
handelt, an hir Mammesprooch iwwersat.
De Leo an den Oktopus erzielt d’Geschicht vum klenge Leo, deen Autismus huet, wat him
déi alldeeglech Kommunikatioun mat senge Matmënschen net esou einfach mécht. Enges Daags
geet hien an den Aquarium, wou hien d’Maya kenne léiert, een Oktopus. Bis dohi wousst de Jong
wéineg iwwert dës Mieresbewunner, mee wëssbegiereg, wéi hien emol ass, liest en alles, wat en
zum Theema fanne kann. A schliisslech plangt e souguer ee festen Dag an der Woch fir d’Maya an:
Freides ass elo Oktopusdag!
D’Maya gräift dem Leo mat sengen aacht Tentakelen ënnert d’Äerm,fir sech an der Welt erëm ze fannen an erméiglecht him eppes, wat hien ni fir méiglech gehalen hätt: den Ufank vun enger Frëndschaft.  Als Mamm vun engem autistesche Kand, sinn et virun allem eegen Erfarunge, déi d’Isabelle Marinov zur Geschicht De Leo an den Oktopus inspiréiert hunn. Dodonieft gouf si vum Professer Tony Attwood, enger Koryphäe um Gebitt vum Autismus,  beroden.

ISABELLE MARINOV / CHRIS NIXON
DE LEO AN DEN OKTOPUS
Editions Guy Binsfeld
Aus dem Engleschen iwwersat
vum Isabelle Marinov a Martine Schoellen
32 Säiten, 228 x 265 mm
Gebonnen
ISBN 978-99959-42-72-4
16 €

Isabelle Marinov
D’Isabelle Marinov ass 1970 zu Lëtzebuerg gebuer an huet a Frankräich an an den USA Droit studéiert. Hir éischt Kannerbuchpublikatioun The boy whose head was filled with stars (Enchanted Lion Books),eng Biografie iwwert den historesche Personnage Edwin Hubble, gouf scho virun der Publikatioun vill gelueft, grad wéi Leo and the octopus (Templar). Am Oktober ’22 kënnt hiren éischte Roman an England eraus. D’Lëtzebuerger Produktiounsgesellschaft Deal Productions huet d’Filmrechter fir Leo and the Octopus optionéiert: Geplangt ass en Animatiounsfilm an Zesummenaarbecht mat Mélusine Productions/Studio 352.

Chris Nixon
De Chris Nixon ass ee villsäitege Kënschtler, Illustrator an Designer aus Perth, Australien. Seng
multidiszilpinär, faarweräich a surreal Aarbechte ginn duerch d’Surfen, d’Skaten, d’Musik an
déi zäitgenëssesch Popkultur beaflosst a sinn a ville verschiddene Medien ze gesinn: Kannerbicher,
Reklammen a grousse Konschtinstallatiounen dréckt hie säi ganz eegene Stempel op.

Martine Schoellen
D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm. No engem Germanistikstudium op
der Universität des Saarlandes huet si eng Vocatioun als Däitschproff fonnt. Hir Iwwersetzung vum
Hans Christian Andersen sengem Tölpel-Hans, gouf 2012 a 2014 vum Nationaltheater Mannheim –
Schnawwel opgefouert. Bei den Éditions Guy Binsfeld huet si scho méi wéi een international
erfollegräicht Kannerbuch vum Julia Donaldson an Axel Scheffler an d’Lëtzebuergescht iwwersat,
dorënner ënnert anerem De Grüffelo.