D'Bea Kneip huet sech mam Jemp Schuster iwwer seng Fammilljechronik „Bluttsëffer“ an d’Fortsetzung mam Titel „Ouereschlëffer“ ënnerhalen.

Mat « Bluttsëffer, deem éischten Deel vu senger Familljechronik, hat de Jemp Schuster direkt e Rise-Succès. Wien et gelies huet, huet wuel och schon ongedëlleg op den zweeten Deel gewaart!

De Jemp Schuster iwwer "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer"

Et si 5 Generatioune vun enger Famill déi de Jemp Schuster iwwert ee Jorhonnert begleet, vun 1905 bis 2005. Direkt op den éischte Säite begéine mir hinne bei enger Gebuertsdagsfeier, an do gëtt ee schonn esou munches iwwer déi Familljegeschicht gewuer déi op den nächsten dausend Säiten am Detail verzielt gëtt. Ausserdeem leien e Stammbam an e Plang vum Duerf beim Buch mat derbäi, sou dass et fir de Lieser net wierklech Iwwerraschunge ginn, an een zu kengem Moment d'Orientéierung verléiert. Et kann een sech also voll a ganz op d'Geschicht konzentréieren, a sech am Floss vun der Zäit matrappe loossen. D'Erzielung baséiert op enger Sammlung vu (fiktiven) Hefter an der d'Fanny, eent vun den Ururenkelkanner, alles minutiéis notéiert huet. Eng, natierlech, erfonnte Familljegeschicht, déi awer esou, oder esou ähnlech, hätt kéinten  oflafen, an der ee villes erëmerkennt, wat ee séngerzäit vu Bomi a Bopa erzielt krut, oder wat ee selwer erlieft huet.

Den zweeten Deel, Ouereschlëffer, fänkt do un wou den éischten Deel opgehalen huet. Mir sinn ugangs der 50er Joren, de Krich ass eriwwer, an awer ännert d’Welt sech villäicht nach méi séier a méi radikal wéi an dem hallwe Jorhonnert virdrun

Ënnert dem schéine Schäin vun der Modernitéit eeteren al Wonnen awer nach ëmmer, och an der Famill Gerber. Villäicht huet ee besser, den Teppech net an d’Luucht ze hiewen!

Et geet un d’Liewecht am Jemp Schuster sengem Jorhonnertroman, seng Sprooch ass authentesch an ongekënschtelt, liicht ze verstoen an dofir ëmsou méi ausdrocksstaark. E Roman deen nach laang nowierkt, an dee Lieser a Kritiker gläichermoosse begeeschtert huet.
Wéi et dozou koum, a wat déi ongewéinlech Titelen ze bedeiten hunn, op dës an aner Froen äntwert de Jemp Schuster am Interview.

RTL