
© Lynn Berchem
De Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip huelen Iech nees mat op d'Rees. Dës Kéier geet et no engem Tëschestopp zu Berlin weider iwwert de grousse Pull a Kanada
Als "Buch vun der Stonn" hunn de Jérôme an d'Bea de Roman "Arbeit" vum Thorsten Nagelschmidt erausgesicht.
An hirer "Weltbibliothéik" zitt et si dës Kéier a Kanada, méi genee an de franséischsproochegen Deel, also de Québec. Si hu sech an d'quebecesch Literatur eragelies, a sech awer och vun engem Expert berode gelooss. De Sébastien Lefebvre vun der ANEL (Association nationale des éditeurs de livres/Québec éditions) erzielt hinne wéi eng Auteuren et derwäert sinn, dass een sech méi genee mat hinne beschäftegt.

Iwwert dës Bicher gëtt an der RTL BicherLies geschwat:
"Arbeit" vum Thorsten Nagelschmidt (S.Fischer Verlag)
Iwwregens: Den Thorsten Nagelschmidt kënnt de 26sten Oktober fir eng Liesung op Lëtzebuerg, hei de Link op seng Websäit mat den Detailer:
Link op de Site vum Thorsten Nagelschmidt
"Die Horen, Zeitschrift für Literatur, Kunst und Kritik" Nr 279 "hinter der Taverne setzt sich das Universum fort - Neue Literatur aus Québec" zusammengestellt von Michael von Killisch-Horn
Aner Auteuren déi am Podcast ugeschwat ginn: Joséphine Bacon, Marie-Hélène Poitras, David Goudreault, Naomi Fontaine, Marie Uguay, Karianne Trudeau-Beaunoyer
