2019 krut den Tom Reisen de Lëtzebuerger Buchpräis fir seng Kuerzgeschichtesammlung „les bulles“. „Miroir ambulant“ ass säin éischte Roman

Eng Summernuecht zu Paräis, d’Läich vun engem Mann gëtt an der Seine fonnt. Kuerz drop schellt bei engem Mataarbechter vun der Lëtzebuerger Ambassade, dem Maurice Vankoff ,den Telefon. Et huet sech nämlech erausgestallt, dass den Doudegen e Lëtzebuerger war. Net nëmmen dat, mä den Numm vum Verstuerwenen ass: Maurice Vankoff! Kee Wonner, dass dee liewegen Maurice Vankoff méi iwwer säin Homonym wëll erausfannen…Et ass den Ufank vun engem Parcours bei dem hien souzesoen de Spigel virgehale kritt…Eng Reflexioun am duebele Sënn…
De Roman spillt zu Paräis, verschidde Flashbacke féieren de Lieser an d’Vergaangenheet déi sech zu Lëtzebuerg, awer och an den USA ofspillt. Dobäi hunn déi verschidde Plaze ganz ënnerschiddlech Bedeitungen.

Am Interview erzielt den Tom Reisen ausserdeem wéi ee Kinosfilm am Roman eng grouss Roll spillt an e geheit e klenge Clin d’oeil op déi lëtzebuerger Medien a Literaturzeen.

"Miroir ambulant" vum Tom Reisen
RTL

© RTL/Sam Bouchon

RTL