Dem Jean-Pol Roden seng satiresch Texter ginn illustréiert vum Ingo Schandeler sengen "hellege" Biller

147 Din A4 Säiten mat méi wéi 100 Aphorismen, mat kabarettisteschen Texter an nodenkleche Geschichten, mat méi wéi 100 (deels groussformatege) Biller mat Texterklärungen, mat gratis Ovide-Impfcertificat an interessante Serumetiketten, e Buch dat an all Bibliothéik gehéiert! 
Déi laangjäreg Zesummenaarbecht vun deenen zwee Artisten bei Opféierungen vun der Scène Libre spigelt sech am harmoneschen Zesummespill tëscht Text an Illustratioun erëm. 
D'Buch, dat an enger Oplo vu 750 Exemplairen erauskomm ass, kann ee fir 25€ an de Bicherbutteker kafen.