E literarescht Denkmal fir eng aussergewéinlech Fra

D’Margret Steckel, Joergang 1934, ass an der Géigend vu Rostock am heidege Bundesland Mecklenburg-Vorpommern opgewuess. 1955 huet si déi deemoleg DDR verlooss, an huet als Dolmetscherin an Iwwersetzerin ënner anerem an der Filmindustrie geschafft. Iwwer Irland an England huet hire Wee si schlussendlech op Lëtzebuergesch gefouert, wou si zënter 1983 lieft a schreift. 1997 gouf si fir hir Erzielung «Der Letzte vom Bayrischen Platz» mam Servaispräis ausgezeechent, an ass zënterhir aus der Lëtzebuerger Literatur net méi ewechzedenken.

No hirer Novell «Jette, Jakob und die anderen» déi 2017 erauskoum, verschafft si och an hirer neister Erzielung mam Titel «Daisy Fiedler» hir eege Kandheet a Jugend. Am Interview erzielt si wéi si dat echt Daisy Fiedler kennegeléiert huet, vun hirer Jugend an der DDR a wéi di jonk Frau, déi eigentlech eng talentéiert Sportlerin war,  progressiv vun enger misteriéiser Lähmung befall gouf. Trotz allem huet d’Daisy ëmmer dat Bescht aus hirem Liewe gemaach. Bis enges Dages e Pak den un d’Daisy addresséiert war,  zeréckkënnt,  mam Vermierk «verstuerwen» . Dat trauregt Enn vun hirer Frëndschaft, mat dem d’Erzielung ufänkt…

"Daisy Fiedler" vun der Margret Steckel
RTL