
© Go Nagai / Dynamic Planning, Dorison, Bajram, Cossu, Sentenac, Guillo, Kana (Dargaud-Lombard s.a.)
Wann Dir Iech un de Goldorak erënnert, da soutzt Dir Enn de 70er als Kand virun der franséischer Tëlee a wart Zeie vun der Gebuert vun engem Phänomen.
5 franséisch Bande Dessinées Auteuren hunn elo eng Suite vum Goldorak sengen Aventure realiséiert. Si proposéieren ee Buch vun 168 Säiten, dat 10 Joer nom Enn vun der Serie spillt. Den Zeenarist Xavier Dorison, selwer Fan vum Goldorak huet op der Pressekonferenz bei der Sortie vum Buch erkläert, wat fir een Impakt deen Zeechentrickfilm deemools hat. Et war deen Dag, op deem ee séier no der Schoul heemgelaf ass, fir nëmmen näischt ze verpassen. Et war dat, wouriwwer an der Schoul jiddweree geschwat huet. Et war dee beschte Moment vun der Woch.
Den Denis Bajram, deen ënnert anerem fir seng Science Fiction Serie "Universal War One" bekannt ass, war quasi predestinéiert fir eng Goldorak BD ze zeechnen. Mat 10 Joer huet hie seng alleréischt Bande Dessinée gezeechent. Eng Geschicht vun 20 Säite mat engem Haaptpersonnage: Dem Goldorak!
Aus dem Kampf tëscht dem Goldorak an den Awunner vum Planéit Vega (déi am Animé nach Veganer geheescht hunn, mä well dat mëttlerweil eng aner Bedeitung huet, hunn d'Auteure bewosst do drop verzicht), gëtt op eemol eng Geschicht iwwert Flüchtlingen, an et fënnt ee sech an enger Bande Dessinée voller Kandheetserënnerungen matten an der Aktualitéit erëm. D'Buch huet 168 Säiten. Schonn d'Bild um Deckel mécht Loscht de Goldorak endlech erëm ze gesinn. An et liest een d'Geschicht, et bliedert een eng Säit no där anerer ëm an et lauert ee just drop, de Goldorak erëm ze gesinn. Mä ausser Uspillungen a Silhouetten kënnt dee risege Roboter gefillt éiweg net fir. Dat ass awer esou gewollt. Et gouf keng nei Episoden zanter 4 Joerzéngten. Well d'Fans hien all déi Zäit vermësst hunn, konnt och d'Suite nëmmen dorop opbauen.
An dat dauert esou laang, datt ee scho bal frustréiert ass. Och wann d'Geschicht ee beréiert, mierkt een, datt alles op deen ee MoOment histeiert, mä dee kënnt einfach net. Dofir gëtt sech gutt Zäit gelooss, fir d'Hannergrënn vun deene verschiddene Personnagen ze erzielen. De Kontext ze setzen. Bis dann endlech dee grousse Moment kënnt an een de Goldorak déi éischte Kéier nees gesäit.
Um Enn vum Album ass een als Lieser einfach nëmme frou. Et stëmmt alles. All d'Elementer aus dem Animé vu viru méi ewéi 40 Joer sinn an der Geschicht dran. An nach vill méi. Duerch d'Aktualitéit déi mat afléisst an esou méi proposéiert ewéi dee klassesche Kampf tëscht Gutt a Béis.