5 Bicher stinn op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur.

Déi 4 Schrëftsteller an eng Schrëftstellerin sinn alleguer etabléiert Literaten, vun deene jiddereen schonn eng Rei Präisser gewonnen huet. Egal wéi et ausgeet, eng wierklech Iwwerraschung dierft et deemno net ginn, wann den 18ten November de Gewënner bekanntgemaach gëtt. Oder? D'Bea Kneip huet d'Detailer.

D'Shortlist Literatur

D'Nathalie Ronvaux kennt een haaptsächlech als Dichterin an Theaterautorin, op der Shortlëscht vum Buchpräis steet si awer mat engem Roman: Le Chesterfield du cinquième. Dee jonke Luka frënnt sech mam Lucien, sengem Noper vum fënnefte Stack un, Dee charismateschen eelere Mann gëtt esou eppes wéi e Mentor fir de Luka. Mä da stellt sech eraus, dass Lucien misteriéis Bréiwer a Päckelcher geschéckt kritt. Zesumme mam Lucien senge 4 beschte Frënn soll de Luka erausfannen, wat et domat op sech huet... Le Chesterfield du cinquième ass esou eppes wéi eng coming of age story, déi am Verglach mat der Nathalie Ronvaux hiere fréiere Wierker e vill méi optimisteschen Ënnertoun huet. Erauskomm ass dee ganz kuerzen 120-Säite Roman bei den éditions Guy Binsfeld.

Dass dem Guy Helminger säi Roman "Die Lombardi-Affäre" just e puer Säite méi huet, ass sécher Zoufall, Mä gëtt et iwwerhaapt esou eppes wéi den Zoufall? Oder hänkt net alles esou ontrennbar mateneen zesummen, dass et einfach esou komme muss wéi et nun emol kënnt?  Dat ass déi Fro déi dem Guy Helminger säi Protagonist, de Schrëftsteller Georges Husen, dee sech wéinst Mord veräntwere muss , opwërft. Dobäi hëllt en de Lieser mat iwwer Dausende vu Kilometer an honnerte vu Joren, vu China bis op Lëtzebuerg, vun der franséischer Revolutioun, iwwert den zweete Weltkrich bis an d'Zäit vun der Lombardi-Affäre. Dem Guy Helminger säi Roman "Die Lombardi-Affäre" ass bei capybarabooks erauskomm.

Och am Tullio Forgiarini sengem Roman "Céruse" ass den Ech-Erzieler e Schrëftsteller. Den Nino Bianchi ass vun engem räichen awer doudkranken eelere Mann engagéiert ginn fir dem seng Liewesgeschicht opzeschreiwen. Keng schéin Aufgab, well de Monsieur Céruse ass eng richteg Crapule...Trotzdem soll den Nino alles esou notéieren wéi et geschitt ass, ouni iergendeppes schéinze schwätzen oder besser gesot, schéinzeschreiwen. No an no verstréckt dee mässeg talentéierte Ghostwriter sech ëmmer méi an déi Geschicht déi hien eigentlech just hätt sollten opschreiwen. "Céruse, ma vie - entretiens avec Saturnino Bianchi" , e kuerze Roman vum Tullio Forgiarini dee bei Hydre éditions erauskomm ass.

Dem Jean Back säi Roman L'Arc di Marianna kënnt dogéint op 500 Säiten. De 6te Mee 1976 ass den zentralen Datum am Roman, deen Dag op dem sech dem Cosimo säi Liewe verännert. De Steepoléierer aus dem Friaul verléiert seng grouss Léift Marianna bei dem katastrophalen Äerdbiewen dat seng Heemecht zerstéiert. De Cosimo, genannt Co, gëtt zu engem modernen Odysseus, allerdéngs ouni d'Hoffnung säi Penelope jeemools erëmzegesinn. Iwwer déi nächst Jorzéngten féiert säi Wee hien duerch hallef Europa bis op Lëtzebuerg. Léift, Migratioun, Heemecht, Ausbeutung a Solidaritéit, de Jean Back spaant e grousse Bou deen iwwer 5 Jorzéngter reecht an all déi Themen touchéiert. L'Arc di Marianna ass op Däitsch geschriwwen, erauskomm ass et bei den éditions Guy Binsfeld.

Och dem Jemp Schuster säi Bluttsëffer ass en imposant Wierk vun nobäi 500 Säiten, allerdéngs ass et just den éischten Deel vun enger Familljechronik déi iwwer e ganzt Jorhonnert reecht. A Bluttsëffer geet et vun 1905 bis kuerz nom zweete Weltkrich. Dat klengt Duerf Grozeg ass d'Heemecht vun de Famillen Gerber, Maltes a Birebam déi alleguer enk matennee verbonne sinn.  Grozeg, dat kéint iwwerall zu Lëtzebuerg sinn, an d'Famill Gerber vereenegt ganz ënnerschiddlech Aspekter vun eiser rezenter Geschicht, déi anhand vu markanten Eregnisser ëmmer nees an e globalen historesche Kontext gesat gëtt. "Bluttsëffer" vum Jemp Schuster ass bei der Imprimerie Centrale erauskomm.

Weider Detailer iwwer déi 5 Bicher fannt Dir och op RTL.lu an do kënnt Dir och nach bis den 8ten November fir de Publikumspräis ofstëmmen!