
An der Kategorie Kanner a Jugendbicher stinn 3 Wierker op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis.
An der Kategorie Kanner a Jugendbicher stinn 3 Wierker op der Shortlëscht vum Lëtzebuerger Buchpräis: eent op Franséisch, eent op Englesch an eent op Lëtzebuergesch. D'Bea Kneip stellt Iech se vir.
"Waking the Mountain" vun der Marina Fonseca an der Lisa Junius ass direkt zweemol op der Shortlëscht, eng Kéier an der Kategorie Kanner a Jugendbicher an eng Kéier an der Kategorie "Design". D'Autorin Marina Fonseca an d'Illustratrice Lisa Junius kenne sech schonn aus hirer Schoulzäit. An hirem éischte Kannerbuch erzielen si vum Zura a vum Milo déi an enger zerstéierter Ëmwelt liewen. De Milo gëtt doduerch krank an dat mécht d'Zura rosen. Mä du wiisst eng kleng Blimmchen, déi de Milo gesond mécht an d'Hoffnung och op aner Plaze weiderdréit. Zesumme mat der Geschicht entwéckelen sech och d'Illustratiounen. Wann op den éischte Säiten en däischtert Blo dominéiert, da kommen no an no ëmmer méi Faarwen dobäi, et kënnt zu enger reegelrechter Faarwexplosioun
Waking the Mountain ass bei Zoom éditions erauskomm
D'Marie-Isabelle Callier huet scho vill Kannerbicher geschriwwen an illustréiert, aus hirer Fieder stamen zum Beispill "De Schatz vu Lucilinburhuc", oder "Wichapi, d'Geschicht vun enger Frëndschaft". An "Une petite catastrophe" léisst si eis an den Alldag vum Lila eraluussen, engem klenge Meedchen dat op zwou Plaze wunnt, eemol bei senger Mamm, an eemol bei sengem Papp. An dem Buch, dat als éischten Deel vun enger Serie mam Titel "Ma Famille Patchwork" konzipéiert ass, wëll d'Lila e Kuch fir seng zwee Hallefbridder baken. Mä du geschitt eng Katastrof...awer keng Angscht, et ass just eng kleng Katastrof an dem Lila a sénger Mamm geléngt et souguer eppes ganz Schéines doraus ze maachen! Vill Kanner dierften sech an dëser Geschicht erëmerkennen, dat wat d'Lila erlieft, läit ganz no un der Realitéit vun esou munche Famillen. D'Zeechnunge sinn éischter klassesch gehalen, den Text ass kuerz an einfach geschriwwen. D'Original vun "Une petite catastrophe" ass op Franséisch, et gëtt mëttlerweil awer och eng Lëtzebuergesch Iwwersetzung. D'Buch mat Zeechnungen an Text vun der Marie-Isabelle Callier ass bei PersPektiv éditions erauskomm.
Nodeems si schonn 2018 "12 Gutt Nuecht Geschichten" erausbruecht hat, huet sech d'Sonja Bintner elo "12 nei Gutt Nuecht Geschichten" afale gelooss. An hir Fantasie kennt keng Grenzen. De Mound deen esou a Gedanken ass, dass e mat der Sonn zesummeknuppt, eng Seechomes déi hirer Kinnigin eng séiss Streiselknippche brénge wëll oder eng Blomees déi e Präbbeli brauch.. Hir Inspiratioun fënnt d'Sonja Bintner am Alldag. Sief et e lëschtegt Wuert, wéi zum Beispill "Knetzel" a si denkt sech d'Geschicht vum Marie a vum Knetzelwonner aus. Oder si genéisst an der Vakanz e gudde Café Glacé mat Schlagsan an enger Kaffisboun uewendrop... a scho gëtt si sech drun fir iwwer eng staark Kaffisboun ze schreiwen, déi net wëll gemuel ginn, fir net wéi all déi aner an der Kaffistaass ze landen. Illustréiert goufen déi 12 nei Geschichten wéi och schonn déi viregt vun der Snejana Granatkina déi sech vun deen lëschtegen Iddien gäre matrappe léisst an ëmmer dee richtege Pinselstréch fënnt, fir de Muppi Fluppi, de Päiperlécksclodi an all déi aner op d'Blat ze zauberen. Déi 12 nei gutt Nuecht Geschichten si bei den éditions Phi erauskomm.
Weider Detailer iwwert d'Bicher vun deene verschiddene Shortlëschten vum Lëtzebuerger Buchpräis fannt Dir op RTL.lu an do kënnt Dir och fir Publikumspräis ofstëmmen, wou och dëst Joer nees kategorie-iwwergräifend ee Wierk ausgezeechent gëtt.