
© Kremart Edition
TIMBA ass jo den Nofollger vu SMART a presentéiert grad ewéi si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch.
2021 ass definitiv och d’Joer vun den TIMBA-Bicher! Nodeems d’Nummer 13 "Weeër a Spueren" vum Yorick Schmit am Fréijoer den Optakt gemaach huet, bréngt den Hierscht elo véier weider Geschichten, d’Nummere 14 bis 17, an dat mat enger Nouveautéit: engem Duebelband, also enger Geschicht, déi sech iwwer zwee Bichelcher erstreckt. TIMBA ass jo den Nofollger vu SMART a presentéiert grad ewéi si Kuerzgeschichten op Lëtzebuergesch. Vu béide Serië sinn nach sämtlech Titelen ze kréien.
Timba 14: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung
D’Zoé mécht Gipsofdréck vu Récker. Déi wäiss Schuele veraarbecht hatt op eng ganz kreativ Manéier weider. Firwat eigentlech? A wat soll domat geschéien? Déi jonk Kënschtlerin, eng gequäälte Séil, léisst sech dozou iwwerrieden, hir Kreatiounen auszestellen. Ma ass dat wierklech eng gutt Iddi? D’Zoé huet e gelungent Gefill bei där Saach. – Den éischten Deel vun der Geschicht »Engelsflilleken« mam Titel »D’Ausstellung«. Den zweeten Deel mam Titel »De Seraphin« gëtt et am Timba-Buch Nummer 15.
Julie Vinandy-Schmit: Engelsflilleken – Éischten Deel: D’Ausstellung (Timba 14)
Kremart Edition
ISBN 978-2-919781-14-0,
40 Säiten, 4 Euro