Ufank November ass deen zweete Band mat Comics iwwert d'Fuerschung op der Uni Lëtzebuerg erauskomm.

LUX:Plorations 2

Et ass eng Geleeënheet, fir Doktoranden d'Méiglechkeet ze ginn, ze weisen, wouru si fuerschen, mä och, fir Wëssenschaftskommunikatioun ze bedreiwen. De Comic gëtt et als gratis Download oder als Gratis Heft, a verschiddene Sproochen. Et ass u sech schonn dat drëtt Comicheft, datt d'Uni Lëtzebuerg erausbréngt, fir op eng ganz einfach Manéier dat an de Mëttelpunkt ze stellen, wouriwwer do gefuerscht gëtt, an dat duerch all d'Fachgebidder. Et ass awer deen zweete Comic, deen nieft der Fuerschung vu Wëssenschaftler vun der Uni och nees vu Lëtzebuerger Zeechner realiséiert ginn ass.

De Succès vun deem éischte LUX:plorations war gutt, esouwuel op der Säit vun de Bedeelegten, ewéi och vun de Lieser. 6500 Comichefter si verdeelt ginn, dobäi kommen dann och nach d'Visitten um Site an d'PDF Downloads vum Comic.

Wëssenschaftskommunikatioun ass och ee Fach, dat op der Uni ugebuede gëtt, an dës BD ass ee Projet, um deem am Kader vun där Ausbildung geschafft gëtt. Duerch de Succès vun deem éischten Heft, melle sech mëttlerweil och méi Studenten a Studentinnen un, fir do mat ze maachen. Déi verschidden Dokteraarbechte ginn op all Kéiers zwou Säite beschriwwen, a ganz verschiddene Stiler. Dobäi gëtt een och gewuer, wéi vill verschidden Disziplinen et op der Uni Lëtzebuerg gëtt. Medezin, Sproochwëssenschaft, Geschicht, Cybersécherheet, an och eng Säit an där erzielt gëtt, wéi eng Dokteraarbecht op der Uni iwwerhaapt ausgesäit.

Mat vill Humor ginn hei komplex Sujete vereinfacht, a bréngen engem esou och als Net-Wëssenschaftler d'Fuerschung méi no. Och wann een net alles bis an dee leschten Detail versteet, ass et awer eng flott Manéier, fir engem eng Dier an ee Beräich opzemaachen, an deen ee soss net esou liicht eragesäit.

De Comic gëtt et net nëmmen als Heft, mä och als Gratis Download a 5 verschiddene Sproochen, dorënner och Lëtzebuergesch. Wann Dir e gelies hutt, freet d'Uni sech iwwert Feedback. Wien dat bis Enn vum Joer mécht, huet d'Chance ee vun 3 Goodie Bags vun der Uni ze gewannen, an eng Originalzeechnung vum Pascal Velleine.