Wéi gewinnt werfen den Carlo Schneider an „éditions revue“ zum Enn vum Joer e Bléck zeréck op déi lescht 12 Méint.

Hin an hier tëscht Corona-Kris an Impf-Wansinn, huet sech awer nach vill Platz fir den US-amerikaneschen Walkampf, d’Frëndeskrees-Affär vun der CSV, onmoosseg Energiepräisser an villes méi fonnt. Op seng bekannten humorvoll, provokant an interessant Aart a Weis huet den Carlo Schneider en Wierk geschafft, dat souwuel an sengen eenzelen Zeechnungen wéi och als Gesamtkonstrukt absolut ënnerhält. D’Karikatur-Sammlung „Karikatour 2021. D’Joer an der Pressezeechnung“ hëlt d’Press an déi Themen, déi se dëst Joer beschäftegt hunn op 66 flott-illustréierten Säiten op d’Schëpp. Eng kreativ Alternativ engem Joer ze gedenken, wat an groussen Stécker eigentlech ze vergiessen war.

Verfügbar op shop.revue.lu an an alle gudde Bicherbutteker

Präis 17 Euro

Softcover • Format: 297x210mm • 66 Seiten

shop.revue.lu

lord.lu

ISBN: 978-99959-45-57-2

© by Editions Revue s.a.,Differdange, 2021