An der RTL BicherLies sinn de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip nees ënnerwee a Saache Weltbibliothéik

Méi wéi 7000 Inselen, iwwer 100 Milliounen Awunner, eng Bevëlkerung déi sech aus ville verschiddenen Ethnien zesummesetzt an e sëlleche Sprooche schwätzt, dat sinn d'Philippinnen. Déi geographesch Distanz vu ronn 10.000 Kilometer iwwerbrécken eis RTL Bicher-Lieser wéi gewinnt, mat Hëllef vun der Literatur. Dofir hu si sech net nëmmen a Bicher vun de Philippinne verdéiwt, mä si hu sech och mat Experten ënnerhalen, deenen si um philippinesche Stand op der Frankfurter Buchmesse begéint sinn. De Jérôme huet sech souguer mat philippinesche Sprachwierder beschäftegt! 
Ausserdeem gidd Dir gewuer wien oder wat den Tikbalang ass, an Dir kritt eng ganz Rëtsch Buchtipps, vu Klassiker iwwer zäitgenëssesch Literatur, bis bei Kannerbicher a Graphic Novels. Souguer eng philippinesch Netflix-Serie kënnen de Jérôme an d'Bea Iech recommandéieren.

11.Weltbibliothéik: D'Literatur vun de Philippinnen

Vun dëse Bicher gëtt am Podcast geschwat:

"Noli me tangere" José Rizal (däitsch Iwwersetzungen am Insel Verlag an am Transwing Verlag erauskomm)
"El Filibusterismo" José Rizal
"Killing Time in a Warm Place" José Dalisay
"In Flight: Two Novels of the Philippines" José Dalisay (mat de Romaner "Killing Time in a Warm Place" a "Soledad's Sister") 
"Wilhelm Tell in Manila" Annette Hug (Das Wunderhorn)
"Gagamba, der Spinnenmann" Francisco Sionil José (Horlemann)
"Die Erleuchteten" Miguel Syjuco (Klett-Cotta)
"Where did all the Fireflies go" Renee Juliene Karunungan/Irish Pearl Flores (Kahel Press)
"Every Sunday" Och Gonzalez/CJ Reynaldo (Kahel Press) 
"The Quiet Ones" Glenn Diaz (Ateneo de Manila University Press)
"Remains" Darryl Delgado (Ateneo de Naga University Press)
"After Lambana Myth and Magic in Manila" (graphic novel) Eliza Victoria/Mervin Malonzo (Tuttle Publishing, May 2022)
"Wounded Little Gods" Eliza Victoria (Tuttle Publishing, May 2022)
"TRESE" (graphic novel) Budjette Tan/Kajo Baldisimo (och als Anime-Serie op Netflix)

Am Interview:
Anthony John Balisi, Direkter vum National Book Development Board of the Philippinnes

RTL

Den Anthony Balisi op der Frankfurter Buchmesse 2021 / © Maria Ces Seidel

Bryan Ocampo, National Book Development Board of the Philippinnes

RTL

De Bryan Ocampo um philippinnesche Stand op der Frankfurter Buchmesse 2021 / © RTL/Bea Kneip

RTL

Team BicherLies / © Lynn Berchem

RTL