28 Stonne laang hunn 3 jonk Fraen Courage, Stäerkt an Duerchhalverméigen bewisen

D'Stéphanie Scholtes war Educatrice an der Crêche Spatzennascht zu Waasserbëlleg an huet de Geiseldrama vum 31ste Mee 2000 materlieft. Méi wéi 20 Joer duerno huet si decidéiert hir Erënnerungen un deen Dag néierzeschreiwen an als Buch erauszebréngen. Wat huet si dozou bewegt?

Stéphanie Scholtes: D'Buch Geiselnam Waasserbëlleg ze schreiwen war fir mech eng Art Therapie,hunn alles aus mengem Kapp eraus op de Pabeier geschriwwen.Fir dech sinn et Äntwerten op all deng Froen.

Du kriss en Abléck waat den 31.05. tatsächlech geschitt ass, an eng Idee vu menger Gedankewelt vun deemools an haut.Buch hëllt dech mat op eng grujelech Rees duerch mäi Kapp an ech weisen dir,wéi fléie geet!

Geiselnam Waasserbëlleg
Stéphanie Scholtes
ISBN 978-99959-0-750-1
20€

RTL

© Stéphanie Scholtes