
© Juan Diaz Canales, Teresa Valero, Antonio Lapone & Dargaud
Eng Bande Dessinée, déi eng immens Ästhetik huet, wéi een se haut net méi dacks fënnt.
Et ass eng Kollaboratioun tëscht dem spueneschen Zeenarist Juan Diaz Canales, der italieenescher Zeenaristin Teresa Valero an dem italieneschen Zeechner Antonio Lapone.
Am Mëttelpunkt steet eng jonk Fra, déi eng Zäitschrëft ierft an et mat vill gudden Iddien, a géint eng sëllege Virurteeler, fäerdeg bréngt, eng vun deenen erfollegräichsten Zäitschrëften aus hirer Zäit ze maachen. Natierlech kritt si et net einfach gemaach. Éischtens, well deen Domaine, an deem si elo alles op d'Kopp gehäit, bis dohi fest a Männerhand war, mä och well d'Famill vum Verstuerwenen hire Ruff wëll futti maachen, fir si esou och als Ierwin lass ze ginn.
D'Gina war eigentlech an den Zeechner Arch Parker verléift, mä an den 1930er Joren huet si och als Cabaret-Dänzerin geschafft, an do engem räiche Mann de Kapp verdréint. Wéi deen am Krich gefall ass, ierft si d'Zäitschrëft "Gentlemind", déi wäit ewech vum Succès vu vergläichbare Publikatioune war. Si decidéiert, déi Zäitschrëft nei opzestellen, a muss sech esou och an engem vu Männer dominéiertem Ëmfeld beweisen a behaapten Esou ass Gentlemind virun allem eng Geschicht iwwert Gläichberechtegung. Déi och haut nach ëmmer aktuell ass, méi ewéi 60 Joer no där Zäit, an där d'Geschicht spillt. Nieft dem Gina ginn et awer nach vill aner interessant Personnagen an dëser Geschicht. Natierlech den Zeechner Arch Parker, dee fir d'Konkurrenz vun Gentlemind schafft, an deen d'Gina eigentlech am Léifsten nees fir Gentlemind géif engagéieren. Mä hir gemeinsam Vergaangenheet an d'Manéier dat net ausgeschwat ze kréien, steet deem am Wee.
Den Antonio Lapone konnt sech bei sengen Zeechnungen defouléieren, andeem hien ënnert anerem och ee Maskottchen fir Gentlemind entworf huet, am Genre vun deene Figuren, déi een deemools vill an der Publicitéit gesinn huet. An och soll gouf vill Wäert op d'Ästhetik geluecht. Et ginn och vill Biller, an deenen nieft der Haapthandlung vill kleng Detailer am Hannergrond eng eege Geschicht erzielen. Et gëtt nëmmen ee Grappvoll Auteuren déi dat mat enger Perfektioun fäerdeg bruecht hunn, datt en eng gutt Zäit op deem Bild hänke bliwwen ass. Den André Franquin ass de grousse Meeschter dora gewiecht, mä och dem Antonio Lapone säi Virbild Yves Chaland huet vill Wäert do drop geluecht. Nieft den Décoren huet hien och bei de Personnagen näischt dem Zoufall iwwerlooss. All eenzel Figur ass genee iwwerluecht, datt si esou gutt ewéi méiglech hir Figur duerstellen.
De grousse Plus vum Antonio Lapone senger Aarbecht ass, datt hien net nëmmen Pin-Upen zeechne kann, mä et och fäerdeg bréngt, all seng Figuren op eng schéi Manéier an d'Zeen ze setzen.
D'Geschicht geet iwwert 40 Joer, vun den 1930er bis an d'1970er. Verschidden Epoquen déi hu missten an d'Zeen gesat ginn, mä och verschidde Publikatiounen déi opkomm sinn, an Zäitschrëften ewéi Gentlemind Konkurrenz gemaach hunn. Dorënner de Playboy, deen op esou enger grousser Säit prominent gewise gëtt, oder och de Mad Magazine. Donieft geet et awer och ëm Mënscherechter mat Demonstratiounen an de Stroosse vun New York géint d'Politik am Puerto Rico an d'Manéier wéi d'USA sech do ageméscht hunn. Nieft deene grousse Linnen ginn et awer och vill Detailer op déi den Antonio Lapone wäert geluecht huet. Déi zwee Deeler vun Gentlemind sinn erfrëschend. Vun der graphescher Approche hir, mat all de klengen Anekdoten an Uspillungen, déi sech wéi ee roude Fuedem duerch déi eigentlech Geschicht zéien. A mat hiren nëmmen all ze mënschleche Personnagen, déi sech duerch d'Liewe schloen, mat hiren Iddien an hiren Dreem. Déi sech behaapten, an awer net ëmmer Succès hunn. Mä déi sech awer bis zum Schluss trei bleiwen, och wann et dofir keen Happy End ka fir si ginn. Datt d'Auteuren sech och getraut hunn dorop ze verzichten ass genee dee richtege Choix, well alles anescht hätt den Impakt, deen Gentlemind op d'LieserInnen huet, nëmme geschwächt.