Branntewäin e Buch vun der Musel, vollgeprafft mat alen, flotten Spréchwierder an deem een oder aneren Stereotyp.

Wien hätt geduecht, datt e Mordfall an den Dierfer laanscht Musel sou spannend a witzeg ka sinn? Eise Kommissär Jean-Paul Gauthier geet dem ganzen Gedeessems an sengem leschte Fall virun der Pensioun op d’Spuer. Wat hien wuel alles erliewen wäert? Fannt et selwer eraus. Eppes steet awer fest: Et wäert Alkohol am Spill sinn.

D'Buch ass eng komplett Eegeproduktioun. Kee Verlag, keen Designer, keen näischt. Alles zu honnert Prozent authentesch. Heiansdo brauch een nëmmen e Grapp voll Leit, fir en Häerzensprojet op d'Been ze stellen. Wann et eppes gëtt wat dat Buch ausstralen soll, dann datt een mat de richtegen Leit alles erschafen kann.

Numm: Branntewäin

Auteur: Paul Heinesch

ISBN: 978-99959-0-698-6

Säitenzuel: 241

Format: Héichkant A5

Standuert: Stadtbredimus

Verkafspräis: 15 Euro

Date de publication: 06/10/21