© Stéphanie Scholtes
Bal 22 Joer ass et hier, dass an enger Crèche zu Waasserbëlleg Kanner an Erzéierinnen als Geisele geholl goufen.
28 Stonnen huet et gedauert bis den Täter konnt iwwerwältegt ginn. Keng vun de Geisele gouf dobäi blesséiert, mä trotzdem bloufe Wonnen zeréck. Séilesch Wonnen, déi een net gesäit, an déi awer reell sinn. An hirem Buch "Geiselnam Waasserbëlleg" setzt d'Stéphanie Scholtes, déi deemools als Kannerinfirmière an der Crèche "Spatzennascht" geschafft huet, sech elo mat hiren Erënnerungen auserneen. Keng einfach Aufgab, dat ass och de Grond firwat et méi wéi 20 Joer gedauert huet bis d'Buch erauskoum.Hir Erënnerungen huet d'Stéphanie Scholtes hannert e sëllechen Dire verstoppt, déi si zesumme mat hire Lieser, no an no opspäert.
D'Buch "Geiselnam Waasserbëlleg" ass aus der Stéphanie Scholtes hirer ganz perséinlecher Perspektiv geschriwwen. Wéi et hir elo, méi wéi 20 Joer duerno geet a wat déi Erliefnisser mat hir gemaach hunn, dat erzielt si am Interview
20 Joer duerno: Reportage am Journal vun der Télé vum 01.06.2020
Den Interview mat der Stéphanie Scholtes:
Bea Kneip: Stéphanie Scholtes, no méi wéi 20 Joer mellt Dir Iech zu Wuert, a schwätzt an Ärem Buch «Geiselnam Waasserbëlleg» iwwer dat wat sech um 31ste Mee an éischte Juni 2000 an der Crèche Spatzennascht zougedroen huet. Wat huet Iech dozou beweegt fir dee Schrëtt ze maachen a firwat grad elo ?
Stéphanie Scholtes: Gudde Moie Madamm Bea Kneip!
Ech sinn houfreg mat Iech en Interview ze hunn. Ech maachen e schrëftlech, well ech net méi kann driwwer schwätzen. Ech hunn alles aus mengem Kapp raus geschriwwen an deen ass elo eidel. Jidderee wäert sech froe, wisou ech esou laang gewaart hu fir dëst Buch ze schreiwen. U sech hunn ech net gewaart, ech schreiwen tatsächlech schonn iwwer 20 Joer um Buch. No der Geiselnam hunn ech dat Gefill entwéckelt, ech misst déi Geschicht onbedéngt opschreiwen, als Therapie…. Einfach alles aus de Gedanken, aus mengem Kapp op Pabeier ze bréngen. Ech wollt alles vergiessen, dee ganze Ballast lassginn, mäi gefëllte Rucksak um Réck eidel maachen an ewech geheien. Ech wollt ofschléissen mat deem Dreck, endlech zur Rou kommen a Fridde fannen.
Esou duecht ech mir, wann da mäi Kapp eidel wär, misst déi Geschicht um Pabeier stoen, fir datt`s se nach iergendwou existéiere géif, a wann iergendeen se wëllt wëssen, da bräicht e nëmmen d’Buch ze huelen an ze liesen.
Also hunn ech iergendwann e Bic geholl a ugefaangen mat schreiwen. Ech hunn erëm opgehalen, well et mech ze vill Kraaft kascht huet, de Film a mengem Kapp unzekucken, d’Erënnerungen erbäi ze ruffen an alles néier ze schreiwen. Dann hunn ech alles ewech geluecht a méintelaang net méi ugepaakt. Wann ech dann erëm wollt weider schreiwen, hunn ech vir d'éischt missten mäi Gekrozels liesen an erëm vill Kraaft afferen, fir weider ze fueren. Ëmmer erëm hunn ech alles zerknautert, ewech gehäit a stonnelaang gekrasch. Et war eng no ending story an ech war frustréiert, datt ech mäin Zil ni géif erreechen. D'Jore sinn esou vergaangen. Ech hat einfach net genuch Kraaft, an dofir huet et esou laang gedauert. Esou wéi d’Buch elo ass, hunn ech schlussendlech zwee Joer dorunner geschafft. Ech hunn d’Coronazäit genotzt, fir dat Onméiglecht méiglech ze maachen.
Ech sinn houfreg op mech, datt ech endlech um Zil ukomm sinn.
B.K.: Dir waart zum Zäitpunkt vun der Geiselnam nach ganz jonk, grad emol ugangs 20. Wéi hunn déi deemoleg Erliefnisser Äert weidert Liewen beaflosst? Wéi hutt Dir dat verschafft? Gëtt ee jeemools domat fäerdeg?
St.Sch.: Jo, ech war deemools 24 Joer jonk an ouni grouss Suergen, bis deen Dag do. Mäin aalt Liewen war ab dem Moment eriwwer, an ech war traumatiséiert, komplett psychesch a kierperlech zerstéiert.
Am Buch beschreiwen ech, wéi et mir no der Geiselnam gaangen ass, a wéi eng Baustellen ech hat, an haut nach hunn. Wat mech net ëmbruecht huet, huet mech méi staark gemaach, a sinn zu där Fra ginn, déi ech haut nach sinn. Mäin Humor hat ech heiansdo vergiess, mee zum Gléck net verluer. Ech sinn en optimistesche Mënsch, deen ëmmer e Laachen parat, a positiv Energie am Gepäck huet.
Verschaffen kann een ni ganz, ech hu mech alt, esou gutt et geet, domadder auserneen gesat, fir erëm e relativ normaalt Liewe kënnen ze féieren. Vill psychologesch Therapien hunn ech hannert mir, vill Tréinen gekrasch, laang duerch d’Häll gaangen, vill Kraaft gebraucht. Ech hat déi Chance, esou gutt Elteren, Geschwëster a Kolleegen ze hunn, déi mir ëmmer nogelauschtert hunn, mech ënnerstëtzt hunn, wann ech gefall sinn. Ouni esou eng Stäip wär ech iwwert all Steen getrollt, deen am Wee louch, an ech hätt dat Schéint vum Liewen ni méi hannert deene risege Fielsen vu Misär gesinn.
Jiddereen gëtt domadder anescht fäerdeg. Ech kann elo behaapten, datt ech fäerdeg sinn domadder. Endgülteg! Ech hunn, wéi ech mäi Buch fäerdeg geschriwwen hat, einfach lassgelooss, hunn et esou ze soen, vun der Séil geschriwwen.
Ech beschreiwen am Buch, datt ech wollt liicht sinn ewéi eng Plomm a kéint fléien ewéi e Villchen, an dat ouni Suergerucksak um Réck. Well wéi kann och e Villchen fléie mat engem fette Rucksak op de Flilleken? GENAU, guer net…
B.K.: An Ärem Buch schafft Dir mat Dieren, déi Dir eng no der anerer opmaacht a kuckt wat dohanner stëcht. Op deenen Diere steet all Kéiers eppes drop, zum Beispill «Keller» oder «Jughurt» awer och «Waffen» oder «Vergewaltegung». Wat huet et mat deenen Dieren op sech, firwat hutt Dir dëst Bild vun den Diere benotzt?
St.Sch.: Ech hunn d’Bild vun den Diere benotzt, well ech net anescht wosst, mengem Lieser ze erklären, wat a mengem Kapp vir sech geet. Esou war d’Iddi vun den Diere gebuer, a si zéien sech wéi e roude Fuedem duerch dat ganzt Buch. De Cover sollt dann och eng schlicht an einfach Dier duerstellen, déi ee muss selwer opmaachen, fir d’Buch ze liesen. An d’Récksäit ass dann och erëm eng Dier, déi een dann zum Schluss zoumécht, soudatt déi Geschicht och schéin am Buch hannert den Diere bleift.
Ech wollt de Lieser mat menger Aart a Weis, wéi ech d’Buch geschriwwen hunn, an eng fesselnd a spannend Geschicht alueden, a net nëmmen den Drama vu vir bis hannen, erofratteren.
B.K.: Am Text ginn et Passagen déi fett gedréckt sinn, anerer si schif geschriwwen. Firwat ass dat esou?
St.Sch.: Ech hunn 3 verschidde Schrëfte benotzt: dat ass fir de Lieser psychesch esou no ewéi méiglech, un dat erunzebréngen, wat ech deemools gefillt a matgemaach hunn. E soll mengen, hie wär selwer derbäi. Liest d’Buch a kuckt selwer, wat et mat iech mécht. ....... Ech garantéieren Roserei, naass Aen, Nervositéit, Angscht, Ugespaantheet, Stress, an dir kënnt net ophalen mat liesen, bis déi lescht Dier zou ass.
B.K.: D’Buch ass op groussen Interessi gestouss. Wéi ee Feedback hutt Dir bis elo vu Lieser kritt, wat soen si Iech?
St.Sch.: Ech hätt am Dram ni dru geduecht, datt esou een Interessi vun iech ze erwaarde wär. Ech hat d’Buch just am Facebook annoncéiert, an dir hutt iech drop gestierzt, sou datt an 2 Deeg meng 200 gedréckte Bicher scho fort waren. Op deem Wee nach eemol MERCI, datt dir iech esou fir meng Geschicht interesséiert.
Ech kréie vill Feedbacken, déi meescht kommen iwwer Facebook, sou wéi Dir, Madamm Kneip, mech jo och ugeschriwwen hutt.
Et si wonnerschéi Wierder, déi ech geschriwwen kréien. Si soe mir all, grousse Respekt fir mäi Courage, datt ech mech gefillsméisseg komplett bloussgestallt hätt, mech komplett ausgedoen hätt. D’Geschicht wär spannend a super geschriwwen, datt een d’Buch an engem Zock géif liesen. Jiddereen, op Mann oder Fra, schreift mir, hien hätt vill Tréine gelooss, an hätt sech gefillt, wéi wann e mat derbäi gewiescht wär. Verschiddener, déi mir méi no stinn, knabberen awer e puer Deeg um Buch, hinne geet et wärenddeem richteg sch....schlecht. Si mussen et erëm op d’Säit leeën a Pause maachen. Bei hinnen ass den Text och esou verschwommen vun all den Tréinen an den Aen, datt se mol net kënne weiderliesen.
Ech kréien och MERCI gesot, datt ech de Lieser mat a meng Gedankewelt geholl hunn. Vill BRAVO’en kréien ech. E puer Leit soten, si géifen ni liesen, mee mäi Buch hätten se awer gelies. E puer hu gemengt, si hätten nach ni esou e gutt geschriwwent Buch gelies, ech sollt nach eent schreiwen. Eng Fra huet hirem Mann d’Buch virgelies, um Wee fir an d’Vakanz. Si hätten Tréine gelooss. Ech krut Noriichten vu Lëtzebuerger aus Dubai, Amerika, Däitschland.....mäi Buch reest anscheinend duerch d’Welt.
Um Internetsite «ernster.com» hunn ech och scho Bewäertunge vum Buch stoen.
All Kéier, wann ech e Feedback liesen, muss ech kräischen. Si si wonnerschéin an ech ka bal net gleewen, datt dat u MECH geriicht ass.
Merci iech all, dir hutt all eng Plaz a mengem Häerz verdéngt.
B.K.: Wéi Dir am Buch uschwätzt, sinn et dacks Klengegkeeten am Alldag (z.B. Glas dat zu Broch geet) déi schlecht Erënnerungen zeréckbréngen. Wéi gitt Dir domat ëm? A wat géift Dir de Leit aus dem Ëmfeld vun enger traumatiséierter Persoun roden? Wéi kann een d’Versteesdemech fërderen a wat kann ee maachen fir esou eng Persoun z’ënnerstëtzen?
St.Sch.. Wann d’Erënnerungen héich kommen, stinn ech deen éischte Moment ganz eleng do.
Ech hunn a mengem Kapp eng Strategie entwéckelt, fir op eng negativ Erënnerung eppes Positives ze setzen. Dat funktionéiert eemol besser, eemol manner gutt. Ech probéieren, mech menge Probleemer ze stellen, andeems ech verschidde Situatioune bewosst NET vermeiden. Z.B. schaffen ech haut genau erëm dat selwecht ewéi deemools, oder kann erëm Kniddelen iessen (Erklärung am Buch) asw.
De Leit am Ëmfeld vun traumatiséierte Persounen géif ech roden, si net ze jugéieren, mee hinne nozelauschteren, an se opzefänken, wann si falen. Et soll een den Traumatiséierten esou vill Zäit loossen, ewéi si brauchen, fir dat alles ze verschaffen. Kee Mënsch ka sech sou wierklech zu 100% an eppes erafillen, wann een et net selwer matgemaach huet. Also net soen:
«OH, ET WAR JO NET ESOU SCHLËMM, ASS JO KENGEM EPPES GESCHITT. OH, BASS DU NACH ËMMER DOMADDER AMGAANGEN, ASS DACH SCHONN ÉIWEG HIER. .......»
Versteesdemech huet een, oder eben och net. Dat kann een a mengen Aen net fërderen, well e richtegt Versteesdemech kënnt vun Häerzen, an déi, wou keen Häerz hunn, kënnen dat och net léieren. Vun esou Léit hält een sech einfach wäit ewech.
B.K.: Stidd Dir haut nach am Kontakt zu Äere Kolleeginne vun deemools, an eventuell och zu de Kanner?
St.Sch.: Jo, ech sti nach haut mat deenen 2 Kolleeginnen, wou ech am Buch beschreiwen, an enkem Kontakt. Si zwee sinn déi eenzeg, déi kënne nofillen, wat a mir (an eis) virgeet.
Mat de Kanner hunn ech kee Kontakt, ech hu verdrängt WEEN dat war. Ech probéieren ëmmer erëm, mech krampfhaft un hir Nimm a Gesiichter ze erënneren, mee ech hu keen Zougank a mengem Kapp zu hinnen. Ech mengen, dat brécht mir d’Genéck, wann ech mech géif u si erënneren. Just un een erënneren ech mech: ech nennen hien Jimmy am Buch. Ech wéilt, ech kéint héieren, et géif him gutt goen, an hie kéint sech NET u mech erënneren.
E Meedchen vun deemools huet mir geschriwwen, mee un hatt erënneren ech mech net méi. Ech hu mat menge Kolleeginnen viru kuerzem Fotoen gekuckt, och vun deem Meedchen, mee d’Erënnerungen komme bei mir net méi zréck. Da sollen se dobleiwen, wou se sinn. Ausser Kräischen ass bei mir näischt geschitt.
B.K.: Den Täter ass haut nees op fräiem Fouss. Wéi gitt Dir domat eens?
St.Sch.: Jo, dat ass hien. Wéi ech domadder eens ginn: gutt Fro. Ech probéieren, net dorunner ze denken, datt ech him all Dag kéint begéinen.
B.K.: Et gëtt ëmmer gesot:en Täter kritt eng «begrenzten» Strof,d’Affer kréien ëmmer «lieweslänglech».Beschreiwt ee Saz an ären Aen,wat och no der Geiselnam geschitt ass?
St.Sch.: Majo seng begrenzte Strof ass am Prisong ofgesat gi vun him an hien ass elo e fräie Mann. Liewenslänglech fräi.
Ech hu liewenslänglech drun ze knabberen a si begrenzt a menge Fräiheeten.
That’s life !
Den Ënnerscheed ass, dat hien en aarme Geescht ass an ech räich u Stäerkt.
B.K.: Hutt Dir d’Gefill, déi ëffentlech Hand(de Staat) hätt d’Affer ronderëm d’Geiselnam an och an de Joren duerno adäquat begleed an ennerstëtzt?
St.Sch.: Hmm, dozou wëll ech elo net all ze vill soen, just eppes..
Mir krute vum Staatsminister deemools gesot : «Wann een et verdéngt hätt NI méi schaffen ze goen a keng finanziell Probleemer ze hunn, da wäer dir 3 dat.»
Dat waren waren awer just eidel Wierder, well mir rackeren eis ëmmer nach mühséileg of fir eise Job ze meeschteren; deen ee méi, deen anere manner. Mee wie vun eis 3 brauch dann net méi schaffen ze goen, esou wéi gesot?
Mir sinn ewéi all déi aner. Mir kruten zwar vum Portugal a vu Lëtzebuerg den Ordre de mérite, mee hunn ech domadder e Virdeel a mengem Liewen? Ech mengen net.. muss ëmmer nach alles bezuelen, all Dag schaffe goen a.s.w. Ech ka mir näischt kafe mat dem Ordre.
Ech muss kucken eleng eens ze ginn, sinn enttäuscht vum Staat.
B.K.. Huet Iech eng spezifesch Hëllefstellung gefeelt?
St.Sch.: Et war deemools Neiland fir Jiddereen; et gouf alt gemaach, wat méiglech war. An der Zäit duerno gouf net méi un d’Famillje vun den Affer geduecht. Meng Elteren a Geschwëster kruten null Hëllef, nix.
B.K.. Gëtt et an Äeren Aen eng «gerecht» Strof?
St.Sch.: Wat ass eng «gerecht» Strof? Ass et gerecht wechgespaart ze ginn, schéi sécher hanner Gitter ze sëtzen, keen nervt een, et huet ee seng Rou virun allem, kritt näischt vun der Realitéit mat. Muss net schafe goen, brauch net akafen ze goen, kritt gekacht, gewäsch, brauch null Responsabilitéit iwwer eppes ze huelen an dat alles op Käschten vun eis Steierzueler!
Ass dat «gerecht»?
Mir aner alleguer, total traumatiséiert, mussen alles eleng maachen a kucken esou gutt wéi méiglech duerch dee ganze Schlamassel ze kommen.
Ech hätt him gewënscht dat deemools alles sou ze erliewen, wat mir duerno nach alles dierfte matmaachen.
© Stéphanie Scholtes
Audio: Extrait aus dem Buch "Geiselnam Waasserbëlleg"
Foto Stéphanie Scholtes: Copyright Carlo Kurt
