Beléifte Kannersnacks an der KritikGreenpeace fënnt Mikroplastik a sougenannte "Quetschies"

Chris Meisch
Se si kleng, se schmaachen de Kanner a se si praktesch fir ënnerwee.
Greenpeace fënnt Mikroplastik a sougenannte "Quetschies"
Se si kleng, se schmaachen de Kanner a se si praktesch fir ënnerwee.

Vill Eltere gräife ganz selbstverständlech zu de sougenannte Quetschies, de Plastikspochettë mam Uebstbräi dran, als séiere Snack fir hiert Kand. Eng Etüd an Optrag vu Greenpeace huet a Quetschië vun zwou grousse Marke Bestänn vu Mikroplastik detektéiert. D'Resultater werfen elo net nëmme Froen iwwer d'Sécherheet vu Quetschies op, mee generell iwwer Mikroplastik a Liewensmëttel mat Plastiksverpackungen.

Quetschies si mëttlerweil aus dem Alldag vu ville Familljen net méi ewechzedenken. Déi praktesch Quetsch-Poschette mat Uebst- oder Geméisbräi maachen haut scho ronn een Drëttel vum weltwäite Marché vun de Liewensmëttel fir Kanner aus. Dësen Trend huet Greenpeace dozou bruecht, verschidde Quetschies vun zwou grousse Marke méi genee ënnert d'Lupp ze huelen. Bei den Analysen ass ënnersicht ginn, ob sech Mikroplastik a chemesch Réckstänn aus de Plastiksverpackungen am Bräi erëmfannen — mat Resultater, déi d‘Michelle Sandmeier, Pressespriecherin vu Greenpeace, als problematesch bezeechent:

"Pro Gramm Babynahrung, haben die ForscherInnen zwischen 54 und 99 Mikroplastikteilchen gefunden. Das sind bis zu 495 Teilchen pro Teelöffel. Das Labor fand auch Hinweise auf Chemikalien, die mit Plastik in Verbindung stehen, darunter auch eine Chemikalie, die potentiell hormonaktiv ist. Die Ergebnisse deuten darauf hin, dass die Plastikinnenbeschichtung aus Polyethylen und einige der gefundenen Mikroplastikpartikeln zusammenhängen könnten."

Besonnesch problematesch ass dat, well Puppelcher a kleng Kanner als besonnesch empfindlech géintiwwer Schuedstoffer gëllen. Hire Kierper befënnt sech nach an enger wichteger Entwécklungsphas, an där chemesch Substanze potenziell Auswierkungen op den Organismus kënnen hunn. Gläichzäiteg gehéiere Quetschies haut bei ville Familljen zum Alldag.

Trotzdeem stelle sech vill Elteren d'Fro, wéi vill si iwwer d'Verpackungen an déi méiglech Risiken eigentlech informéiert ginn. Op den Etikette géifen dacks virun allem praktesch Handhabung an Inhaltsstoffer am Fokus stoen — iwwer méiglech Réckstänn aus Plastikverpackunge géif dogéint kaum geschwat ginn.

Déi lëtzebuergesch Autoritéit fir Liewensmëttelsécherheet ALVA betount, dass een esou Etüden eescht hëlt, kann awer bei Produiten, déi net bei eis am Land produzéiert ginn, just den Endproduit analyséieren. Et wier dowéinst schwéier nozeweisen, ob de Mikroplastik wierklech aus dem Emballage kënnt, oder soss an der Produktioun, zum Beispill beim Uebst selwer, eng Kontaminatioun geschitt ass.

Fir genee kënnen z'identifizéieren, wouhier d'Partikele stamen, missten och déi eenzel Etappe vun der Produktiounskette méi detailléiert ënnersicht ginn, erkläert den Danny Zust, Responsabel vun der Securité chemique bei der ALVA: "Global gesinn ass alles, wat hei zu Lëtzebuerg um Marché ass, streng kontrolléiert op all Saachen, déi reglementéiert sinn a wou mir dann och, wann eppes net konform ass, déi néideg Aktiounen huelen. Bei Quetschies hu mir elo ni eppes fonnt, wat net konform ass. Wa mir elo awer bei egal wéi enge Produiten eppes géife fannen, da ginn déi Produite vum Maart geholl a wann nach zousätzlech ee Risiko fir de Konsument wier, da gëtt dat och bei eis um Internetsite publizéiert."

D‘ALVA réit insgesamt de Leit, sech equilibréiert ze ernieren a virun allem fir Puppelcher a kleng Kanner d‘Iesse selwer zouzebereeden. Greenpeace fuerdert an deem Kader méi Regulatioun fir d'Emballagen aus Plastik, IER d'Produiten op de Maart kommen.

U méi konkrete Reegelungen op EU-Niveau gëtt iwwerdeems geschafft. Dobäi geet et virun allem ëm méi streng Reegele fir Plastiksverpackungen an eng besser Kontroll vu Mikroplastik a chemesche Stoffen — besonnesch bei Liewensmëttel fir Kanner.

Back to Top
CIM LOGO