Bankrott-Erklärung?Kaffiszëmmeren – Ministèrë wëssen net vill a verweisen op Gemengen

Monica Camposeo
François Aulner
Et kéint een net soen, ob et legal ass oder net, 8 Zëmmere fir 900 Euro d’Stéck an engem alen, net renovéierten Haus ze verlounen.
© Domingos Oliveira

Op RTL-Nofro hin äntweren d'Innen- a Logementsministèren, datt se dat ouni déi konkret Investitiounen a Charakteristike vun engem Gebai ze kennen, net kéinte beurteelen. Si verweisen op d'Loyersgesetz vun 2006 hin, dat jo eng Rei Koeffizienter festleet, déi zur Berechnung vun engem maximale Loyer déngen, mat notamment dem investéierte Kapital. "De Prinzip vum "Capital investi" gesäit vir, datt de järleche Loyer am Prinzip net méi héich däerf sinn ewéi 5 % vum investéierte Kapital am Logement" ass an der gemeinsamer schrëftlecher Äntwert ze liesen.

Fir eist Beispill mat den 8 Kummeren à 900 Euro (ouni Chargen) – wéi se op sëllege Sitten ugebuede ginn – ze huelen: fir kënnen e Loyer vun 900 Euro ze froen, misst de Besëtzer 1.728.000 Euro investéiert hunn. Am Schreiwes vun de Ministèrë gëtt präziséiert, datt net nëmmen de Kafpräis, mee och de Wäert vum Terrain, d'Käschte vun de Renovatiounsaarbechten oder aner Investissementer en compte geholl ginn. "D'Berechnung geschitt ëmmer am Eenzelfall a kann, am Fall vun engem Litige, vun der zoustänneger Loyerskommissioun a vun der Justice de paix iwwerpréift ginn." Dat bedeit awer och: Ginn d'Präisser fir d'Kaffiszëmmer also net vun de concernéierte Leit gemellt, ginn dës och net iwwerpréift.

An enger rezenter Serie hat d'Anasig, also d’Associatioun vun den Assistants sociaux, awer ze bedenke ginn, dass d'Situatiounen deels sou prekär sinn, datt d'Leit Angscht hätten, géint ze héich Loyeren oder Insalubritéit virzegoen. Och d'Sozialaarbechter an d'Gemengen géingen zécken, fir géint d'Phänomen virzegoen, well et um Locatiounsmarché un Alternative feelt an déi concernéiert Leit aus enger schlechter Situatioun an eng nach méi dramatesch géinge falen, esou de Jean-Michel Campanella, Vize-President vun der Anasig.

Ministèren hu keng Zuelen

Mee wéi vill Leit sinn iwwerhaapt betraff? Iwwerdeems et op entspriechend Internetsitten honnerten Annoncë gëtt, leien de Ministèrë guer keng Zuelen oder Statistiken zu de Kaffiszëmmeren oder miwweléierte Kummere vir. Och net doriwwer, wéi vill Leit an esou Zëmmere liewen oder wéi vill Kanner betraff sinn.

Fir d'Iwwerwaachung oder d'Kontroll wieren iwwerdeems d'Gemenge responsabel. Dorop hat och de Logementsminister an enger rezente Background verwisen. D'Reegele sinn am Gesetz, respektiv entspriechende Reglement zur "Salubritéit" vun 2019 festgeluecht. Reegelen, déi de Logementsministère mat Aarbechtsgruppe fir de 6. September an engem Avant-projet de loi wëllen upassen, ass nach an der Äntwert vum Logements- an Inneministère ze liesen.

Ewéi aus enger rezenter Diskussioun an der zoustänneger Chamberkommissioun erauszedeite war, géingen d'Kontrollméiglechkeete vun de Gemenge gestäerkt, mee d'Critèren par konter méi labber ginn. D'Iwwerleeung dohannert ass, datt duerch ze strikt Reegelen Leit géinge riskéieren, op der Strooss ze landen. Dat Argument krut RTL scho viru Joren mat virgehalener Hand zerwéiert.

Back to Top
CIM LOGO