Nodeems déi Déifferdenger um leschte Spilldag vun der BGL Ligue nach de Championstitel géint Biissen verspillt haten, wollten déi Minetter et e Freidegowend besser maachen an op d'mannst d'Coupe de Luxembourg gewannen. Den Underdog aus dem Oste wollt dëst Spillchen awer net matspillen a war héich motivéiert, fir dem Favorit aus dem Minett e Been ze stellen.
Mä dëst Konschtstéck sollt de Rousperter um Enn net geléngen. Verdéngt kënne sech déi Déifferdenger am Stade de Luxembourg mat 4:1 géint d'Victoria vu Rouspert behaapten an d'Coupe domadder fir déi siwente Kéier gewannen.
1:0 Abreu (7'), 2:0 Buch (43'), 3:0 Abreu (54'), 3:1 Kyereh (64'), 4:1 Hadji (70', Eelefmeter)
Déi Déifferdenger hunn am Stade de Luxembourg direkt d'Heft an d'Hand geholl an mat voller Vitess a Richtung Rousperter Gol gespillt. Esou konnte si sech an den éischte Minutten eng sëllege Golchancen erausspillen. De Franzoni huet säi Gléck an der 4. Minutt mat engem Distanzschoss probéiert. Allerdéngs konnt dëse vum Bürger am Rousperter Gol entschäerft ginn. Kuerz drop huet de Bürger dunn awer schonns missen hannert sech gräifen. Den Abreu krut an der 7. Minutt de Ball op der lénker Säit, huet sech schéi géint säi Géigespiller duerchgesat an de Ball schéin a Richtung Gol gedréint. De Bürger huet sech wuel nach laang gemaach, mä et war ëmsoss, hie sollt um Enn net verhënnere kënnen, datt de Ball hannert sech aschléit. Doropshin huet Rouspert sech komplett zréckgezunn an huet den Déifferdenger de Ball iwwerlooss, déi dunn de Match ouni gréisser Problemer geréiert hunn.
Dobäi konnten déi Minetter och nach e puer Schëss a Richtung Bürger lassloossen. Mä souwuel dem Dos Reis an der 18., ewéi och dem Pinto an der 28. Minutt huet déi néideg Präzisioun bei hire Schëss gefeelt, soudatt dës nieft dem Gol ageschloe sinn. Doriwwer eraus konnt de Bürger och nach déi eng oder aner Occasioun entschäerfen, sou wéi an der 41. Minutt, wou de Rousperter Golkipp e Schoss vum Pinto festhale konnt. An der 38. Minutt hate vill Déifferdenger Supporter de Ball scho fir déi zweete Kéier am Rousperter Filet gesinn, allerdéngs sollt de Buch eng Flank vum Rauch ëm Zentimeter verpassen. Dëst sollt den däitsche Stiermer an der 43. Minutt du besser maachen, wou hien eng Flank vun der lénker Säit vum Rauch mat e bësse Reussite iwwert d'Linn drécke sollt. Deemno stoung et 2:0 fir den FC Déifferdeng 03 a mat deem Score sollt et dunn och an d'Paus goen. Déi Rousperter haten an der ganzer éischter Hallschent kee Golschoss, net emol e geféierleche Spillzuch no vir ze verbuchen, soudatt dës Avance fir déi Déifferdenger och vëlleg verdéngt war an déi Rousperter sech an den zweete 45 Minutten däitlech hu musse verbesseren, wa si d'Coupe nach mat an den Osten huele wollten.
Nom Téi hunn déi Rousperter sech dunn déi éischte Golactioun am Match erausgespillt, mä dem Marques säi Schoss an der 49. Minutt huet de Ventura am Déifferdenger Gol viru keng gréisser Schwieregkeete gestallt. An der 54. Minutt hunn et déi Déifferdenger op der anerer Säit dunn däitlech besser gemaach. Den Abreu ass am Strofraum un de Ball komm a konnt no kuerzer Dréiung de Ball zum 3:0 am Filet ënnerbréngen an domadder fir eng kleng Virentscheedung suergen. Den Dram vum Coupegewënn war fir déi Rousperter also kuerz nom Téi scho bal ausgedreemt. An der 64. Minutt konnten d'Männer aus dem Osten dunn awer nach eng Kéier verkierzen. De Villeneuve huet vun der lénker Säit de Ball flaach a schaarf an de Strofraum gespillt, wou keen Déifferdenger Defenseur de Ball kläre konnt. Um Enn koum de Kyereh fräistoend virum eidele Gol zum Ofschloss, wat sech de Rousperter Stiermer dunn net huele gelooss huet an de Ball am Gol ënnerbrénge konnt.
Mä déi Rousperter Freed war nëmme vu kuerzer Dauer, schonns an der 70. Minutt war den alen Ofstand nees hiergestallt. Dëst no engem Eelefmeter, deen déi Déifferdenger vum Arbitter accordéiert kruten an deen den Hadji, dee kuerz virdrun agewiesselt gi war, souverän verwandele konnt. No dësem Géigegol war d'Hypothéik, bei där Zäit, déi nach ze spille war, fir d'Rousperter ze héich, soudatt ee soe konnt, datt d'Bier geschielt war. An der Schlussphas waren et dowéinst och just nach déi Déifferdenger, déi am Stuerm opfälleg gi sinn. Mä weder dem Brusco, nach dem Mfoumou sollt nach e weidere Gol geléngen, soudatt de Match mat 4:1 op en Enn gaangen ass a sech déi Minetter souverän a verdéngt duerchsetzen a sech fir d'siwente Kéier zum Coupegewënner kréine kënnen.