
Enn Abrëll d’nächst Joer soll Schluss sinn. Bis dohi mussen déi ronn 70 Produzenten en neien Abnehmer fir hir Mëllech fannen.
D’Enttäuschung war immens grouss, seet de Vic Wirtz, President vu Prolek, der Baueregenossenschaft. Hie selwer huet mat sengem Brudder 300 Mëllechkéi. Si si Bauer a sechster Generatioun a wëllen hire Betrib un déi siwent Generatioun viru ginn. Eng Zesummenaarbecht vu 40 Joer geet op en Enn, als éischt mat Ekabe an no der Reprise mat Lactalis. Nom éischte Schock wëll hien no vir kucken a Solutioune sichen, an, dat ass him wichteg: Fir all d’Membere vun der Genossenschaft.
“Mir sinn 68 Familljebetriber. An do gëtt et verschidde Strukturen, grousser wéi klenger, besser geleeën, manner gutt geleeën, fir den Transport vun der Mëllech. Duerfir ass eng Genossenschaft do, fir deen een ewéi deen aneren, fir dat mateneen duerchzekréien. Mir stinn derzou, datt mir kee wëllen op der Streck loossen. Se sollen alleguer mateneen ënnerdaach kommen.”
Zesumme produzéieren ëm 50 Millioune Liter Mëllech d’Joer, zéng bis 15 Prozent vun der Lëtzebuerger Produktioun. De Vic Wirtz ënnersträicht, datt d’Prolek a Lactalis e ganz respektvollen Ëmgank mateneen hätten an de Kontrakt vu béide Säiten honoréiert gëtt, bis en eriwwer ass. Datt et esou kënnt, dat wier decidéiert, och wann de Stéchdatum vläicht nach ze negociéiere wier.
“Mir hunn déi dräi Haaptacteuren hei am Land ugeschwat. An, jo, d'Kontakter sinn do. An dat geet elo säi Wee”, esou de Vic Wirtz.

Déi dräi Acteuren, dat sinn d’Luxlait, Muh-Arla an Hochwald. D’Luxlait, seet hiren Direkter Gilles Gérard op Nofro, kann déi Quantitéiten net vun haut op muer absorbéieren, ouni eng déif Analys ze maachen. Mee via Email vu enger Wirtschaftsmissioun an Thailand schreift hien, d’Luxlait géif hir Responsabilitéiten als zentralen Acteur vun der Lëtzebuerger Mëllechfilière huelen. D’Fro no enger Erweiderung vun de Kapazitéite wier ëmmer Deel vun de strateegesche Reflexioune bei der Genossenschaftsmolkerei. Déi géif awer gréisser Investitioune viraussetzen. Dës Kris kéint vläicht verschidde Reflexiounen acceleréieren.
“Mir hu vill Ënnerstëtzung. Dat muss ech soen. Dat iwwerrascht mech positiv, datt de Ministère an och d'Landwirtschaftsgesetz an alleguer d'Acteuren, wou ee sech elo net direkt hätt kënne virstellen, datt déi sech direkt wäerte mellen. Mee dat ass scho ganz, ganz positiv”, seet de Vic Wirtz.
E Méinde si Krisereuniounen ugesat. Mam Landwirtschaftsministère an och an der Genossenschaft ënner sech.

Lactalis hat d’Molkerei Ekabe 1989 iwwerholl. Ma hautzedaags ass Ekabe just nach als Mark erhalen. D’Ram an de Kéis ginn a Frankräich produzéiert. Um Site zu Eescheler, e puer Honnert Meter Loftlinn vum Vic Wirtz sengem Haff, gëtt d’Mëllech just nach pasteuriséiert an agedéckt, also de Waassergehalt reduzéiert, fir datt den Transport op aner Transformatiounssitten uechter Europa manner deier gëtt.
Lactalis ass dee gréisste Molkereibetrib op der Welt. D’lescht Joer huet déi franséisch Multinationale en Ëmsaz vun iwwer 31 Milliarden Euro gemaach. Si beschäftegt iwwer 85.000 Mataarbechter weltwäit. Zum Portefeuille vu Lactalis gehéiere Marke wéi President Camembert, Leerdamer oder Galbani. De Grupp ass och a Nordamerika, Asien, dem Mëttleren Osten an Ozeanien aktiv.
Am Hierscht 2024 hat de Groupe annoncéiert, seng Mëllechcollecte am Frankräich bis 2030 ëm néng Prozent ze reduzéieren, ënnert anerem an eisen direkten Nopeschgéigenden. Eng Annonce, déi deemools a Frankräich fir grouss Opreegung gesuergt hat.
D’Centrale Paysanne ass zudéifst schockéiert, datt d’EKABE, déi dem franséische Konzern Lactalis gehéiert, an Zukunft keng Mëllech vu Lëtzebuerger Baueren méi unhëlt an d’Kontrakter mat deene ronn 70 Betriber net méi verlängert. Déi betraffe Betriber hätten an de leschte Jore staark an d’Mëllechproduktioun investéiert, elo kréiche se erëm eng Kéier hir Planungssécherheet geholl zu Gonschten vum Benefice vun engem weltwäite Konzern. Datt elo op d’Mëllech aus Lëtzebuerger Produktioun soll verzicht ginn, fir méi bëlleg Mëllech vu méi wäit ewech z’importéieren, hätt näischt mat enger nationaler Liewensmëttelproduktioun ze dinn a wier alles anescht wéi nohalteg. D’Bauerenzentral ënnersträicht, datt si solidaresch ass mat den EKABE-Produzenten a wëll hir Membere souwäit wéi méiglech ënnerstëtzen.