Dës Graphic Novel verzielt d’Geschicht vum Jean Schortgen, engem Mineur, deen 1914 als éischten Aarbechter iwwerhaapt an d’Chamber gewielt gouf.

Am Kader vun Esch2022 ass de Projet Schortgen an Zesummenaarbecht vun der Gemeng Käl-Téiteng an den éditions guy binsfeld entstanen. Dës Graphic Novel vum Charel Meder a Marc Angel verzielt d’Geschicht vum Jean Schortgen, engem Mineur vun Téiteng, deen 1914 als éischten Aarbechter iwwerhaapt an d’Chamber gewielt gouf.
Als engagéierte Politiker a Vertrieder vun der Sozialdemokratescher Partei steet de Schortgen fir
d’Aarbechtervollek an a verweist op déi grave Mëssstänn vun den einfachen Aarbechter – Konditiounen,deenen hie sech och selwer ausgesat gesäit. Dobäi kritt en net nëmme Géigewand vun aneren Deputéierten an aus den eegene Reien, mee och d’Repercussiounen vum 1. Weltkrich erschwéieren dem Aarbechterdeputéierten säi Kampf géint Aarmut, Honger a sozial Ongerechtegkeet.
Duerch d’Fiedere vum Charel Meder a Marc Angel gëtt dem Personnage Schortgen a sengem
Liewenswierk ënnert engem deels fiktionale Bléck nees Liewen agehaucht, ergänzt gëtt d’Graphic Novel dobäi duerch een historeschen Iwwerbléck, an dat an direkt zwou Sproocheversiounen: enger
multilingualer Fassung, mam Fokus op d’Lëtzebuergescht an enger integral franséischer Iwwersetzung.
Fir d’Rentrée 2022/23 kënnt zousätzlech nach ee Cahier pedagogique beim Script eraus.

MARC ANGEL

RTL

© Heiko Riemann

De Marc Angel, 1960 gebuer, huet Grafik zu Köln studéiert a schafft als selbststännege Kënschtler,
Zeechner, Grafiker an Verleeër, awer och als Iwwersetzer an Illustrator.
D’Graphic Novel Zeeechen (2019, éditions guy binsfeld) vum Marc Angel a Samuel Hamen gouf 2020 mam Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Literatur ausgezeechent.

CHAREL MEDER

RTL

© Heiko Riemann

De Charel Meder, Joergang 1966, huet Geschicht a Literaturwëssenschaft zu Lëtzeburg an zu Freiburg i. Br. studéiert. Hien ass Professer am Athénée an Auteur vu Prosatexter, Theaterstécker a Lauschterspiller.
Fir seng Novelle Aname (2016, Op der Lay) krut hien de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie
Literatur, den 100,7 Radiopräis fir sein Lauschterspill CyberTrappEd (2017) an säin Theaterstéck
Geheimdienstkönige huet den 2. Präis am Concours littéraire national gewonn.

CHAREL MEDER/MARC ANGEL
SCHORTGEN
Graphic Novel
Editions Guy Binsfeld
144 Säiten, 180 × 250 mm
Gebonnen
ISBN FR 978-2-9199565-7-9
ISBN LU (mat multilingualer BD) 978-2-9199565-6-2
25 €

E Samschdeg 30sten Abrëll fënnt eng offiziell Buchpräsentatioun mat Verkaf an der Schongfabrik zu Keel statt.