An esou war et emol...mä et kéint awer och anescht gewiescht sinn...Sou goufe Märercher nach ni erzielt!

Verdruddelt Geschichten 

Marc Weydert (Text) a Marie-Isabelle Callier (Biller)

1er prix - Luxembourg

Concours Littéraire national 2021

Präis am Nationale Literaturconcours 2021

 An esou war et emol ... 

… oder et kéint och anescht gewiescht sinn ... 

A wa mer de Wollef mol eng Kéier géife schwätze loossen?

Oder wann de Kueb dës Kéier probéiere géif, seng Revanche um Fuuss ze huelen?

 A wann de Prënz um Enn mol eng Kéier keng Prinzessin kréich?

D’ „Verdruddelt Geschichten“ huelen eis a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen. 

 Mä passt op, dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!

"Verdruddelt Geschichten" ass dem Marc Weydert (Texter a Musek) säin éischt Gecshichtebuch fir Kanner an all déi, déi gär e Märchen, eng Fabel oder eng Seeche liesen.Als Diplompedagog a Schoulmeeschter an als Papp vun dräi Meedercher interesséiert hien sech ganz staark fir Kanner- a Jugendliteratur. Besonnesch gär spillt hie mat der Sprooch, fir de Rescht schreift hie gäre (Kanner) Musek an ass e begeeschterten Hobbykach. De Marc Weydert ass bestuet mat enger Lëtzebuerger Diplomatin an ass duerfir vill uechter d'Welt ënnerwee.

D'Illustratrice an Auteure Marie-Isabelle Callier (Illustratiounen) huet scho 15 Bicher erausginn., dorënner "De Schatz vu Luciinburhuc" (2017) a "Wichapi" (2019) bei den Editions Schortgen, "Mystères aux Musées" (2020) fir Les Amis de Musées an "Une petite catastrophe" (2021) bei PersPektiv Editions. Mat Bicherhaischen Editions huet si dem Martine Horsmans säin Text "Eng Hand voll Gléck" (2020) illustréiert. D'Marie-Isabelle Callier ass Belgo-Lëtzebuergerin, si schafft a wunnt zu Lëtzebuerg.

RTL

De Marc Weydert an d'Marie-Isabelle Callier bei der Präisiwwerreechung vum Concours Littéraire 2021 / © RTL/Bea Kneip

PersPektiv éditions

ISBN :  978-2-9198-1306-3

Präis : 19,50 €

Vu 5 Joer un