Zënter hien 2018 säi Gedichtband "Fjorde" an 2019 säi Roman "Die Tanzenden" erausbruecht huet, gëtt spekuléiert wien sech hannert dem Pseudonym verstoppt.

Zënter en 2018 mam Gedichtband "Fjorde" säin Début ginn huet, gëtt an der Lëtzebuerger Literaturwelt spekuléiert, wien sech hannert dem Pseudonym "Tomas Bjørnstad" wierklech verstoppt. Well, dass et e Pseudonym ass, dorun gouf net gezweiwelt. 1984 zu Trondheim gebuer, lieft an schreift zu Lëtzebuerg, seng Literatursprooch ass Däitsch, sou déi offiziell Biografie vum Auteur um Site vu sengem Verlag, den éditions Guy Binsfeld. Och a sengem zweete Buch, dem Roman "Die Tanzenden" (2019) war keng Autorefoto ze fannen. Fir d'Presentatioun vu sengem drëtte Buch "Von der schönen Erde" hate Verlag a Schrëftsteller den Donneschdeg 12te Mee op Miersch an den nationale Literaturarchiv invitéiert. An do sollte Pressevertrieder a Literaturfrënn hien endlech perséinlech kenneléieren...
Et war en Onbekannten, deen nieft dem Moderator Tim Reuter Plaz geholl huet...a wéi dee jonke Mann mat dem onverkennbare skandinaveschen Accent ugefaang huet aus deem neie Buch ze liesen, ass een d'Gefill net lass ginn, dass do eppes net richteg wier...an esou war et och! En huet dann och zouginn, dass hien net den Auteur vun denen 3 Bicher, mä villméi en Acteur wier, deen den Tomas Bjornstad sollt verkierperen.

RTL

© RTL/Bea Kneip

RTL

© RTL/Bea Kneip

Hannert dem Pseudonym Tomas Bjørnstad géif a Wierklechkeet den...Guy Helminger stiechen. Deen huet sech dann och per Videolink aus der Vakanz gemellt, an ugefaangen e weidert Kapitel aus dem neie Buch "Von der schönen Erde" virzeliesen. Eng beandrockend a a ganz expressiv Performance, dat muss een dem frëschgebakenen duebele Servais-Laureat loossen!

RTL

© RTL/Bea Kneip

RTL

© RTL/Bea Kneip

Mä, och hei nees d'Erniichterung: "Ech hunn den Text net geschriwwen" , gëtt de Guy Helminger zou. Mä wien war et dann??? De Samuel Hamen villäicht? Op der staark verpixelter Autorefoto déi an "Fjorde" verëffentlecht gi war, hu jo verschidde Leit gemengt den Auteur vu "V wéi vreckt, w wéi Vitess" erëmzeerkennen (net ganz zu Onrecht wéi sech spéider sollt erausstellen) An tatsächlech, de Buchpräis-Gewënner vun 2020 (zesumme mam Marc Angel fir "Zeeechen") dee bis elo an der éischter Rei bei der Equipe vu Binsfeld souz, hieft sech a geet op d'Bün, wou en sech dann mam Moderator Tim Reuter ënnerhält. Also dach! Oder net? Well no e puer Minutten gëtt de Samuel Hamen vun der Nathalie Jacoby, der Directrice vum CNL, nees vun der Bün erofgebieden, et géif jo haut net ëm hien, de Samuel Hamen, goen, mä villméi ëm den Tomas Bjørnstad. An dat wier hien jo net! Iwwerdeems steet beim Public am Sall e grousst Fragezeichen iwwert de Käpp.

RTL

© RTL/Bea Kneip

An endlech gëtt opgeléist: et ass den Helminger! Net de Guy, deen hate mir jo schonn, mä den Nico. Deen ass och am Sall, kënnt op d'Bün an endlech hu mir den Auteur vun den Tomas Bjørnstad-Bicher virun Aen!

RTL

© RTL/Bea Kneip

Interview: Den Nico Helminger ass den Tomas Bjørnstad

Firwat ënnert engem Pseudonym schreiwen? Den Nico Helminger seet dozou: "D'Literatur kritt eng nei Dimensioun wann ech an aneren Auteur schafen" Den Nico Helminger insistéiert dann och, dass d'Figur vum Tomas Bjørnstad éischter en Heteronym am Sënn vum Fernando Pessoa ass, also eng eegestänneg Perséinlechkeet mat enger eegener Biografie an engem onverwiesselbare literaresche Stil.   
A vun elo un geet et ëm d'Texter u sech. Dem Tomas Bjørnstad säin Opus Magnum (sou den Tim Reuter) ass kee Roman am übleche Sënn vum Wuert, mä eng Sammlung vu 64 Fragmenter (sou vill wéi Felder op engem Schachbriet) , en aleatoreschen Text bei dem de Lieser säi Wee selwer wiele kann. Zur Auswiel sti "wäiss" oder "schwaarz", och hei nees e Bezuch op d'Schachspill. Op béid Manéieren kann een dat ganzt Buch liesen, just an enger anerer Reiefolleg. Net manner wéi 8 Erzieler féieren duerch den Text, den an enger fiktiver norwegescher Stad spillt déi garantéiert näischt, awer och guer näischt mat enger Stad am Süde vu Lëtzebuerg ze dinn huet, och wann ee vun Quartieren vun dëser Stad den Numm "Belval" dréit.   
Op alle Fall e spannenden Owend an e Buch op dat ee richteg virwëtzeg ginn ass, an dat vun elo un och an de Bicherbutteker disponibel ass. Iwwregens net dat lescht Wierk vum Tomas Bjørnstad, et ass e richtegen "Tomas Bjørnstad Zyklus" geplangt, an dem, sou war gewuer ze ginn, d'Thema Zukunft, Identitéit a kënschtlech Intelligenz eng grouss Plaz wäert anhuelen.

"Von der schönen Erde" vum Tomas Bjørnstad (Nico Helminger) ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.