Nidderaanwen, Wolz, Déifferdeng, Mamer, Miersch an Nationalbibliothéik um Kierchbierg sinn déi nächst Statioune vun der CNLiesrees

Den nationale Literaturarchiv vu Miersch organiséiert fir d'zweete Kéier d'CNL Liesrees, bei der Auteuren an Autricen mat hiere Bicher am Gepäck iwwerall am Land ënnerwee sinn. Den Départ war de 25sten Abrëll um LiteraTour zu Beetebuerg, weider Arrêten waren Ettelbréck, Iechternach, Esch oder Maarnech. Mä et ass nach laang net fäerdeg! Wéi ass d'Liesrees bis elo bei de Leit ukomm, a wéi eng Rendez-Vousen sollt een sech nach notéieren, dat verréit d'Directrice vum CNL, Nathalie Jacoby, am Interview:

Interview mat der Nathalie Jacoby, der Directrice vum CNL

Déi nächst Rendez-Vousen vun der CNL Liesrees am Iwwerbléck:

Wéi am Theater?
Liesung a Gespréich mam Jean-Paul Maes, Claude Schmit a Jemp Schuster
07.06.2022 19:00 Kulturhaus Niederanven

Wat wibbelt do am Gaart?
Kannerliesung mam Isabelle Hild, Marc Weydert, Jill Winandy
11.06.2022 15:00 Prabbeli Wolz

Owesgeflüster
Liesung mam Roland Harsch, Jos Kayser, Julie Vinandy-Schmit a Maxime Weber
11.06.2022 19:00 Prabbeli Wolz

Désirs et mystères
Soirée de lecture avec Serge Basso de March, Carla Lucarelli et Enrico Lunghi
13.06.2022 19:30  Aalt Stadhaus Differdange

Wie liest hei?
Eng Liesung mam Tomas Bjørnstad a Guy Rewenig
15.06.2022 19:30   Kinneksbond Mamer

Those Worlds that Haunt us
Reading with Mary Carey, Percy Lallemang and Florence Sunnen
16.06.2022 19:30  Mierscher Kulturhaus

Die Farben der Sprache
Lesung und Gespräch mit Margret Steckel und Friederike Migneco
21.06.2022 19:30 Mierscher Kulturhaus

Wat läit am Däischteren?
En Owend mam Guy Helminger a Gast Groeber
30.06.2022 19:00 Nationalbibliothéik Kierchbierg