An hirem Podcast RTL BicherLies verrooden de Jérôme Jaminet an d'Bea Kneip, wien den 13te Juni op dem legendäre bloe Canapé Plaz huelen däerf.

Wie schon emol zu Frankfurt oder Leipzig op der Buchmesse war, konnt dat Miwwelstéck net iwwersinn: Das blaue Sofa. Op dem bloe Canapé hunn a méi wéi 20 Joer méi wéi 3000 Schrëftsteller a Schrëftstellerinne Plaz geholl, dorënner vill Nobelpräislaureaten an aner bekannte Perséinlechkeeten. Den nächste Méindeg gëtt dat legendäert Miwwel fir een Owend an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg installéiert.  Grond genuch fir eis RTL-BicherLieser Jérôme Jaminet a Bea Kneip fir an der neitster Episod vun hierem Podcast dee bloe Canapé an de Mëttelpunkt ze stellen.

"Das blaue Sofa" kënnt op Lëtzebuerg!

Bertelsmann an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik invitéieren op en eemolege literareschen Owend mat 4 Schrëftsteller(innen) aus 3 Länner.
D'Jenny Erpenbeck, 1967 zu Ost-Berlin gebuer, ënnerhält sech mam Jérôme Jaminet iwwer hiere Roman "Kairos".
Invitéiert ass och den éisterräichesche Buchpräis-Gewënner vun 2018, den Daniel Wisser, deen aus sengem Erzielband "Die erfundene Frau" virliest.
D'Lëtzebuergerin Julia Holbe, der hieren éischte Roman "Unsere glücklichen Tage" direkt e Bestseller ginn ass, präsentéiert hiert zweet Buch "Boy meets Girl".
An de Samuel Hamen, Literaturkritiker a Schrëftsteller, hëllt eis mat an d'Ënnerwaasser-Welt mat sengem Buch "Quallen". Dës Gespréicher gi vun der Susanne Biedenkopf (ZDF) a vum Michael Sahr (ZDF) moderéiert. 
Wie wëll dobäi sinn, dee soll sech de Méindeg 13te Juni um 19 Auer an der Nationalbibliothéik um Kierchbierg als Rendez-vous verhalen. D'Entrée ass gratis, et muss een sech awer umellen. Gratis Ticketen fënnt een op www.tickettailor.com

RTL

Team BicherLies / © Lynn Berchem

RTL