De Samuel Hamen (Lëtzebuerg), den Daniel Wisser (Éisträich) an d'Jenny Erpenbeck (Däitschland) hunn um bloe Canapé iwwer hir nei Bicher geschwat.

Ugekënnegt war och d'Lëtzebuerger Schrëftstellerin Julia Holbe, déi iwwer hiren neie Roman "Boy meets Girl" schwätze sollt, si huet sech awer kuerzfristeg missten ofmellen.

Present waren dogéint eng 150 Literaturfrënn, dorënner d'Ambassadeure vun Däitschland an Éisträich. A si kruten e literarescht Evenement gebueden, dat et esou zu Lëtzebuerg nach net gouf. "Das blaue Sofa" sollt eigentlech schonn 2020 op Lëtzebuerg kommen, wéinst der Pandemie hat dëst Evenement, dat an Zesummenaarbecht tëscht Bertelsmann an der Nationalbibliothéik organiséiert gouf, awer misste verluecht ginn.

No der Begréissung duerch de Claude D.Conter, den Direkter vun der Nationalbibliothéik, an der Madamm Karin Schlautmann, Executive Vice President Corporate Communications von Bertelsmann, war et Zäit fir dat éischt Autoregespréich.

Das blaue Sofa - De Jérôme Jaminet iwwer "Das blaue Sofa"
Jérôme Jaminet
RTL

De Samuel Hamen am Interview mam Susanne Biedenkopf

Am éischte Gespréich souz de Lëtzebuerger Samuel Hamen der prominenter Moderatorin Susanne Biedenkopf (ZDF) géintiwwer, fir iwwer säin neit Buch "Quallen" (Matthes und Seitz, Reihe: Naturkunden) ze schwätzen. En Déier, deem ee besser net ze no komme sollt, an dat een dowéinst och am iwwerdroene Sënn, net gutt "ze pake" kritt. Trotzdeem kann ee sech der Faszinatioun vun dem mysteriéise Wiesen net entzéien, en Interessi, dee sech fir d'Éischt am 19. Joerhonnert bemierkbar mécht. Bei den däitsche Romantiker, sou de Samuel Hamen, waren d'Jelliskäpp e beléiftent Motiv an och am Jules Verne sengem "Vingt mille lieues sous les mers" komme se vir. D'Glasskulpturen vum Rudolf a Leopold Blaschka, déi ongeféier ëm deselwechte Zäit entstane sinn, zelebréieren d'Schéinheet an d'Eleganz vun deene fragille Mieresbewunner. Dass een d'Jelliskäpp net just als Déier u sech muss gesinn, mä och als Denkmodell, ass e weidere Punkt, deen am Gespréich op d'Tapéit komm ass. Dobäi representéiert de Jelliskapp de Flou, dat Onkonventionellt, wat deem engen oder aneren dierft en Dar a A sinn. "Ein Appell zur Demut" mat dësem Schlusswuert vun der Susanne Biedenkopf ass de Public no ronn 20 Minutten nees aus de Mieresdéiften opgetaucht. E Gespréich, dat virwëtzeg gemaach huet, op en dënnt Bichelchen, dat et a sech huet!

Das blaue Sofa - Samuel Hamen
Impressiounen: Liesung an Interview mam Samuel Hamen
RTL

D'Jenny Erpenbeck signéiert hieren neie Roman "Kairos" fir de Jérôme Jaminet, de Samuel Hamen signéiert säi Buch "Quallen" / © RTL/Bea Kneip

"Ich schreibe über Dinge, die mir erzählt werden. Mir fällt nichts ein und ich recherchiere auch nicht." sou den éisträicheschen Auteur Daniel Wisser um Ufank vu sengem Gespréich mam Michael Sahr (ZDF). Sou ganz wëll een him dat net gleewen, well déi 22 Kuerzgeschichten a sengem Erzielband "Die erfundene Frau" sinn duerchaus spannend an originell. 22 Geschichten, déi all Kéiers e weibleche Virnumm als Titel hunn, well den Daniel Wisser der Meenung ass: "Frauenschicksale sind spannender als Männerschicksale". Dass allerdéngs Kuerzgeschichten dacks manner gutt beim Public ukommen, an dass et méi schwéier ass, e Verlag ze fannen, wéi fir e Roman, dat ass e klenge Bemol wéi den éisträichesche Buchpräisgewënner vun 2018 (fir säi Roman "Königin der Berge") bedauert. Dass hie vun der James- Joyce-Ausstellung an der Nationalbibliothéik ("This is a lovely quiet rose-growing  part of dirty old Europe - James Joyce à Luxembourg, nach bis de 25. Juni an der BNL) déif beandrockt ass, och dat erzielt hien dem Michael Sahr. Ze recommandéieren ass béides: d'Ausstellung an der Nationalbibliothéik a selbstverständlech och den Erzielband "Die erfundene Frau" (Luchterhand Literaturverlag) an deem den Daniel Wisser säin Talent beweist. Mat dem Cliché vum spezifesch éisträicheschen Humor kann hien iwwerdeems näischt ufänken, et ass wuel éischter e spezifeschen Daniel-Wisser-Humor, mat dem hie seng Lieser ëmmer nees iwwerrascht.

RTL

Daniel Wisser / © RTL/Bea Kneip

Hei och nach e kuerzen Interview mam Daniel Wisser:

Interview mam Daniel Wisser
RTL

Last but not least ass den Tour un der Jenny Erpenbeck, déi sech de Froe vum Literaturkritiker (an RTL BicherLieser) Jérôme Jaminet stellt. Si ass 1967 zu Ost-Berlin gebuer, grad esou wéi hir Roman-Heldin Katharina. An "Kairos" (Penguin Verlag) geet et ëm d'Léift tëscht enger ongläicher Koppel. Den Hans ass Schrëftsteller, 34 Joer méi al wéi d'Katharina, bestuet a Papp vun engem Jong. Dës Libesgeschicht spillt sech virum Hannergrond vun de leschte Joren vun der DDR of. Eng Relatioun vun där se allebéid net lasskomme kënnen, obwuel sech erausstellt, dass dee charismateschen Hans eng däischter Säit huet. De Roman ass ronderëm zwou Archivkëschten opgebaut, déi d'Katharina Jore méi spéit, nom Hans sengem Doud, kritt, an déi et no an no auspéckt.

D'Buch vun der Jenny Erpenbeck ass vill méi wéi eng Libesgeschicht (Eng Etikett aus der d'Schrëftstellerin sech net vill mécht). Villäicht kann ee guer keng Etikett op dëse Roman pechen, ausser villäicht déi heiten: "absolut liesenswäert!"

RTL

Jenny Erpenbeck / © RTL/Bea Kneip

Och d'Jenny Erpenbeck hat sech nom Evenement nach Zäit geholl, fir op e puer Froen ze äntweren:

Interview mat der Jenny Erpenbeck

D'Première vum bloe Canapé zu Lëtzebuerg ass op alle Fall gelongen. Just schued, dass d'Julia Holbe awer net konnt dobäi sinn.