D'Geschicht ass déi vun engem Auteur, deen M. heescht, an deen enger Serveuse an engem Bistro erzielt, wéi eng Roll si a sengem nächste Roman erzielt.

24/06/2022 BD "La mauvaise heure" (Internet)

Dat wier d'Roll vun enger Kabarätsängerin, déi Heroinsüchteg ass. Eng Roll, déi där jonker Fra net gefält, an trotzdeem ass si vun der Geschicht gefaangen a probéiert d'Schicksal vun hirer Figur ze steieren. Déi zwee Auteuren Marc Angel a Jean-Louis Schlesser hate schonn zwee graphesch Romaner erausbruecht, déi sech mat der Lëtzebuerger Seechefigur, dem Jas, beschäftegt hunn. Fir hir nei Zesummenaarbecht proposéiere si awer elo eng Geschicht, déi net nëmme just op franséisch erauskomm ass, mä och a méi engem klassesche Format. Dat war net onbedéngt de Choix vun den Auteuren, mä eng Konditioun vum Editeur, Mosquito aus Frankräich, deen op dat Format gehalen huet.

U sech hat de Jean-Louis Schlesser, den Zeenarist, d'Iddi fir dës Geschicht scho méi laang am Tirang leien, awer net fir eng Bande Dessinée doraus ze maachen. Et sollt ee Film ginn, mä wéi aus deem Projet näischt ginn ass, huet hien dem Marc Angel d'Geschicht proposéiert. Hien hat esou eng Iddi, datt déi Geschicht him leie géif. An en hat Recht. D'Geschicht ass am schwaarz-wäiss, wat ee beim Marc Angel dacks gesäit, an, och wann hien e puer BDë mat Faarf realiséiert huet, awer säi Stil ginn ass.

U sech ginn an dësem Buch zwou Geschichten erzielt: Déi vum Auteur deen am Bistro der Serveuse säin nächste Roman erzielt, an d'Roll dee si dora spillt, an dee vun der Romanfigur selwer. Fir dat ze illustréieren schafft de Marc Angel mat zwou verschiddenen Techniken. D'Geschicht selwer, a virun allem d'Atmosphär vun der Geschicht fënnt hir Inspiratioun ënnert anerem beim Film "M - Eine Stadt sucht einen Mörder" vum Fritz Lang. Vun do kënnt och den Numm vum Schrëftsteller an der Bande Dessinée, deem seng Roll net ganz kloer ass, an och wéi d'Realitéit an d'Fiktioun matenee verschmëlzen droen dozou bäi, datt dat Gefill net besser gëtt. Och dat ass esou gewollt, well nieft dem Hommage un dem Fritz Lang säi Film gëtt et nach een anere Béisen, deem säin Numm mat M ufänkt, deen ee Lien mat dëser Geschicht huet. An do, präziséiert de Jean-Louis Schlesser, gëtt et dann och e Bezuch mat Lëtzebuerg. Well de Schrëftsteller ass ganz labber beim Norbert Jacques inspiréiert. Den Norbert Jacques ass dee Lëtzebuerger Auteur, dee den Dokter Mabuse als archetypesch béis Romanfigur erfonnt huet. Nieft Tow & Tank vum ND Genen ass dat hei eng vun deene ganz wéinege Bande Dessinéeë vu Lëtzebuerger Auteuren, déi keen direkte Bezuch zu Lëtzebuerg hunn.

Et ass déi drëtte Kéier, datt dësen Auteurenduo zesumme schafft. Eng Zesummenaarbecht, déi och genee dat ass: Si schaffen zesummen um Buch. Et ass net esou datt den Zeenarist den Text liwwert an den Zeechner dat dann op de Pabeier muss bréngen. Dat spiert een och iwwert dem Liesen.

"La mauvaise heure", déi nei Bande Dessinée vun de Lëtzebuerger Auteuren Jean-Louis Schlesser a Marc Angel ass just op franséisch bei den Editions Mosquito a Frankräich erauskomm. D'Buch huet 76 Säiten a kascht 16 Euro.