De Lambert Schlechter krut am Mierscher Literaturhaus fir säin 80ste Gebuertsdag gratuléiert

Ënnert dem Titel "Les murmures d'un monde immodéré" gouf de leschten Dënschdeg am CNL d'Wierk vum Lambert Schlechter gewierdegt. An et gouf gefeiert! Den 80ste Gebuertsdag, deen eigentlech schonn e puer Méint zeréckläit. De Lambert Schlechter gouf de 4ten Dezember 1941 gebuer. Als Lyriker an Iwwersetzer huet hien sech scho viru 40 Joer en Numm gemaach. An och dat sollt gefeiert ginn, mat enger Anthologie déi Texter aus deene leschte 4 Jorzéngte regroupéiert an déi elo ënnert dem Titel "Le Murmure du Monde - 40 ans d'écriture" bei den éditions Phi erauskomm ass.

RTL

© éditions Phi, Foto Philippe Matsas

Natierlech gouf och aus de Wierker vum Lambert Schlechter gelies. Dofir hat hien sech d'Ënnerstëtzung vun der Sophie Langevin an dem Denis Josselin geséchert. Mä e krut och Besuch vun der anerer Säit vum grousse Pull: Déi franco-kanadesch Poetin Claudine Bertrand huet an hierer Ried dorun erënnert, dass d'Gebuertsdagskand och am Quebec e sëllechen Auszeechnungen kritt huet. 
Ënnert de Gratulanten waren ausserdeem de Professer Frank Wilhelm vun der Uni Lëtzebuerg an de Museker Serge Tonnar (iwwer Videolink) "Bleif nach eng Weil" dat war de Message deen de Serge Tonnar dem Lambert Schlechter a sengem Lidd iwwermëttelt huet. An do kann een sech nëmmen uschléissen!
Musikalesch enkadréiert gouf den Owend vum Cello-Virtuos André Mergenthaler, deen de Public am Festsall vum CNL, wéi gewinnt, iwwerrascht a begeeschtert huet.

RTL

© RTL/Bea Kneip

RTL

De Lambert Schlechter an de Roland Kayser (éditions Phi) / © RTL/Bea Kneip

RTL

De Lambert Schlechter am Gespréich mat der Anne-Marie Reuter (Blackfountain Press) / © RTL/Bea Kneip

RTL

© RTL/Bea Kneip